Léif Nolauschterer,
dësen Donneschden, den 22. Mee, hält de Staatsminister Jean-Claude Juncker an der Chamber seng traditionnell Ried zur Lag vun der Natioun, an där hien eng Analyse vun der momentaner Situatioun vum Land mecht, an d’Prioritéite vun der Regierung fir daat lescht Joer vun der Legislaturperiode 2004-2009 präsentéiert. Fir d’CSJ muss d’Regierung vun dësem leschte Joer profitéieren, fir ënnert anerem, d’sozial Kohäsioun an eisem Land weider ze stäerken. Dofir mussen an der d’CSJ hiren Aan folgend Reformen nach onbedengt realiséiert ginn:
de lëtzebuergeschen Edukatiounssystem muss endlech un d’Verännerungen an d’Erausfuederunge vun enger Gesellschaft vum 21. Joerhonnert ugepasst ginn. Déi sozial an wirtschaftlech Entwëcklung vun engem Land hänkt wesentlech vum Kënnen a Wëssen vun sengen Awunner of. Déi geplangten Aféierung vu Kompetenzsockelen a Léierzyklen sinn zwar ee Schrëtt an déi richteg Richtung, mee fir d’CSJ soll nach iwwer weider Reformen ewéi z.B. d’Aféierung vun engem modularen Unterrichtssystem, dem Schaffen vun enger Direktioun an de Primärschoulen, dem Umpassen vun de Formatiounskritären an dem Recrutement vun den Enseignanten, nogeduecht ginn. Essentiell un all Reform bleift awer, datt d’Schoul déi Jonk optimal op d’Erwuesen- an d’Berufsliewe virbereed, well momentan verloosen all Joers ze vill Jonker d’Schoul ouni Diplom an ouni dé néideg Kompetenze fir herno am Liewen, a virun allem um Aarbechtsmaart, eens ze ginn.
D’Konsequenz dovunner ass fir déi Meescht de Chômage, déi se un de Bord vun der Gesellschaft dreckt, an hinnen keng selbstänneg an würdeg Existenz erméiglecht. D’Aarbechtsmaartreform 5611 war eng éischt wichteg Mesure fir graad deenen Schwächsten, also den ënnerqualifizéiert aarbechtsloosen Jugendlechen ënner d’Ärm ze gréifen, an deem se am Kader vu Beschäftegungsmoosnamen aktivéiert an forméiert ginn, an doduercher eng realistesch Chance op eng fest Plaz kréien. An och wann d’Reform vum Bildungssystem ouni Zweifel de Schlëssel ass fir de Problem vum Chômage mëttelfristeg an de Grëff ze kréien, esou musse fir d’CSJ awer nach zousätzlech Ustrengunge gemaach ginn, andeems z.B. d’ADEM déi néideg Moyenën kritt, fir datt si hire neien Aufgaben gerecht ka ginn, d’Patronen nach weider dozou encouragéiert ginn, fir méi Stage- a Formatiounsplazen unzebidden, massiv an d’Fuerschung investéiert gëtt, fir datt eist Land innovativ bleift an doduerch nei Aarbechtsplaze schaafe kann, déi eeler Chômeuren eng Chance kréien, well graad si am stärkste vum Laangzäitchômage betraff sinn.
Eng fest Aarbechtsplaz ass awer hei zu Lëtzebuerg keng Garantie méi, fir datt sech och an Zukunft déi grouss Majoritéit vu Biergerinnen a Bierger hire Wonsch vun enger eegner Wunneng erfëllen kënnen. D’Immobilenpräisser sinn op engem Niveau ukomm, dee Lëtzebuerg mëttelfristeg vun engem Land vun Propritäre zu engem Land vun Locatäre mecht. Dëst bedeit awer eng staark Belaaschtung fir d’sozial Kohäsioun vun eisem Land, an dofir muss een Effort gemaach gi fir d’Substanz vum Pacte logement ze retten an ëmzesetzen, well en der öffentlecher Hand déi finanziell, steierlech a rechtlech Moyenën gëtt fir datt d’Bauland an d’Immobilië mëttlefristeg fir eng Majoritéit vun der Bevölkerung zougänglech bleiwen.
Zur Gudds vun der sozialer Kohäsioun muss schlussendlech awer och dofir gesuergt ginn, datt déi eenzel Bevölkerungsgruppen hei zu Lëtzebuerg, net ewéi dëst ëmmer méi d’Regel gëtt, laanscht enee mee matenee liewen. Dofir muss d’Gesetz vun der duebler Nationalitéit gestëmmt ginn, d’Lëtzebuergscht als daat zentral Kommunikatiouns- an Integratiounsmëttel gefördert ginn, an iwwert eng méi staark Partizipatioun vun den Auslänner um politesche Liewen nogeduecht ginn.
Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident