Skip to content

Kongressresolutioun \”Focus Jonk\”

D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn.

Haut presentéiert ierch d’CSJ de Punkt 2.3. vum 2. Deel vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”:

Kongressresolutioun “Focus Jonk”

2. Bildung – Edukatioun

2.3. Fort mat der Sproochebarrière!

Och d’Primärschoul wäert duerch d’Schoulzyklen, Kompetenzsockelen, Team-Teaching a Klasseverbänn méi differenzéiert a flexibel ginn. An trotzdeem plädéiert d’CSJ fir och an der Primärschoul ee partiellen, modulare Léiersystem anzeféieren, an dat virun allem am Sproochenunterricht…

D’Léiere vun de Landessproochen ass wéinst der multikultureller Schoupopulatioun eng vun deene gréissten Erausfuerderunge vun eisem Bildungssystem. Dofir muss et och an dësem Beräich onbedengt zu enger Differenzéierung kommen. Esou soll et an Zukunft fir,

§ e Schüler méiglech sinn, an der Primärschoul franséiesch als éischt an däitsch als zweet Friemsprooch resp. däitsch als éischt a franséisch als zweet Friemsprooch, ze wielen.

D’Aschoulung géif ob dës Mannéier méi einfach ginn, well d’Kanner am Ufank an der Sprooch gefördert ginn, déi hirer Mammesprooch am nosten ass a gläichzäiteg eng zolidd Basis an der Sprooch kréien, déi fir si am schwéiersten ass. De Risque vun enger Ghettoriséierung besteet an deem Fall net, well d’Kanner nëmmen an de Sproochestonnen a verschidde Gruppen agedeelt ginn, während si an all anere Fächer nees zesummekommen.

Dëst ass an eisen Aen eng adäquat Method, fir all Kanner, onofhängeg vun hire ënnerschiddleche Mammesproochen, ob en hëchstméigleche Sproocheniveau ze kréien. Deen aktuelle System bevirdeelegt haaptsëchlech déi germaneschsproocheg Kanner. D’Konsequenz dovunner ass, datt de Schoulparcours vun deene meeschte Kanner vun Ufank u virbestëmmt ass, datt no der Primärschoul déi grouss Majoritéit vun de lëtzebuergesche Schüler an de klassesche Lycée geet, während hir auslännesch, an zum gréissten Deel romaneschsproocheg Matschüler, an den technesche Lycée ginn, an dëst haaptsächlech well si Schwieregkeete mam Léiere vun der däitscher Sprooch hunn. All Schüler muss no sengem Ofschloss zolidd Kenntnisser vun de Landessproochen hunn, och wann en net all Sprooch op deem selwechten Niveau beherrsche muss. Eis Méisproochegkeet muss aneschters vermëttelt ginn, fir datt se net zu engem Hindernëss gëtt, mee eise gréisste Virdeel am internationale Verglach.