Kongressresolutioun \”Focus Jonk\”


D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn.

Haut presentéiert ierch d’CSJ d’Introductioun an de Punkt 1.1. vum 2. Deel vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”:

Kongressresolutioun “Focus Jonk”

2. Bildung – Edukatioun

D’Bildung ass a bleift dat gréisste Kapital a Potential vun eisem Land, deem seng sozial Kohäsioun a seng zukünfteg wirtschaftlech Entwëcklung nëmmen duerch d’Kënnen an d’Wësse vu sengen Awunner gesëchert ka ginn. Ouni eng Schoul, wou all Kand ouni Rücksicht op seng sozial a kulturell Hierkonft, d’Chance op eng zolidd Ausbildung kritt, wäerten d’Ënnerscheeder tëschent deenen eenzele Schichten vun eiser Gesellschaftt net méi kleng ginn, wäert keng sozial Mobilitéit, keng sozial Gerechtegkeet méiglech sinn…

Ouni gutt forméiert Aarbechtskräfte wäert Lëtzebuerg säi Wuelstand net sëchere kënnen an de Sprong a Richtung post-industriell Wëssensgesellschaft net packen. Lëtzebuerg ass awer net dat eenzegt Land op der Welt, dat virun dëser Erausfuerderung steet. Eist Land steet a weltwäiter Konkurrenz zu alle Länner, déi um Wee an d’Wëssensgesellschaft sinn an dowéinst hirt Bildungssystem réigelméisseg un déi nei sozial a wirtschaftlech Entwëckelungen upassen.

2.1. Eng koherent Reform vum Edukatiounssystem!

De lëtzebuergeschen Edukatiounssystem brauch deemno endlech eng koherent Reform, déi net nëmmen als Fléckwierk oder Selbstzweck déngt, mee et erlaabt d’Kanner adäquat op hirt Liewen an d’Fuerderungen, déi do menschlech a berufflech u si gestallt ginn, virzebereeden. Dee perfekten, optimale Bildungssystem, andeem all Verbesserung a Ännerung iwwerflësseg ass, wäert et awer ni ginn.

Eng Reform vum lëtzebuergesche Bildungssystem ass keng einfach Affär, well et sech wéinst senger heterogener a multikultureller Schoulpopulatioun ëm ee praktescht weltwäit, eenzegartege System handelt. D’Strukture vum aktuelle Schoulsystem sinn dëser Situatioun awer, ewéi dat eng ganz Rëtsch vun nationalen an internationale Studien däitlech weisen, net méi gewuess. An der Vergaangenheet gouf scho méi ewéi eng Kéier versicht d’lëtzebuerger Schoul ze reforméieren a méi flexibel an effikass ze maachen. Zum grousse Leed vun de Schüler huet et sech am Endeffekt awer ëmmer nëmmen ëm Deelreforme gehandelt, déi de Bildungsystem net wirklech un d’Entwëcklung vum Land a vun der Welt ugepasst hunn.

D’Aféierung vu Léierzyklen a Kompetenzsockeln, ewéi vun der aktueller Regierung virgesinn, ass fir d’CSJ zwar e Schrëtt an déi richteg Richtung, mee och dëse Schrëtt schéngt net an eng laangfristeg Zukunftsvisioun agebonnen ze sinn. Fir eisen Edukatiounssystem wirklech sou ze veränneren, datt all Partenairen, mee besonnesch d’Kanner, erëm souwuel Freed un der Schoul hunn, ewéi och e Sënn an hirer Aarbecht gesinn, muss d’Gesellschaft sech eens ginn, wou si d’Schoul an Zukunft gäeren hätt, fir dann am Konsens mat alle Schoulpartner no engem Wee fir dëst Ziel ze sichen, ouni datt Schoul e Spillball vun der Dagespolitik ass.