Skip to content

Kongressresolutioun \”Focus Jonk\”

D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn.

Haut presentéiert ierch d’CSJ den Punkt 1.6. vum 1. Deel vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”:

Kongressresolutioun “Focus Jonk”

1.6. Mat deene Jonken d’Zukunft gestalten!

Fir d’CSJ soll de Walalter bei 18 Joer festgesat bleiwen. Eng Diskussioun iwwert de Walalter verschwent nëmmen Zaït an Energie, a kann esouguer als Oflenkung genotzt ginn, fir op deene wirklech wichtege Punkten net no vir ze kommen. Ausserdeem ass d’CSJ net der Meenung, datt een déi lëtzebuergesch oder auslännesch Jugendlech méi fir d’Politik interesséiert kritt, andeems ee just de Walalter erofsetzt. Politik kann nämlech net alleng ob Wale reduzéiert ginn. Dozou gehéiert och déi politesch Diskussiounen an d’Debatten, déi ganz politesch Aarbecht, déi zu Walen an Ofstëmmungen am Parlament féieren.

Dofir fuerdert d’CSJ, datt endlech eng ganz Réi Mesurë geholl ginn, déi d’politesch Engagement vun deene Jonken och wirklech verstäerke wäert.

Esou muss an der Schoul d’politesch Bildung endlech eng fest Plaz kréien. An deem Kontext geet et net duer fir de Civiquescours ze reforméieren an opzewäerten. Fir datt déi Jonk eng politesch Kultur entwëckelen, brauch eis Schoul een interaktiven, interdisziplinären a parteipolitesch neutralen Cours, andeem déi sozial an technesch Kompetenzen, déi se fir dat politescht a beruflecht Liewe brauchen, gefördert ginn.

Déi technesch Kompetenze kéinten d’Schüler an engem erweiderte Civiquescours, mat engem méi methodologeschen Deel, bäibruecht kréien. Déi sozial Kompetenze kënnen am Géigendeel nëmmen an der Praxis geléiert ginn, andeems d’Schüler z.B. am Geschichts-, Philosophie a Sproochenunterricht réigelméisseg kontrovers diskutéieren, argumentéieren a gemeinsam Projetën organiséieren.

Fir d’CSJ geet eng besser politesch Bildung an der Schoul awer net duer, mee et mussen och,

  • innovativ Initiativen, ewéi dat vun der CGJL geplangte Jugendparlament, ënnerstëtzt ginn
  • Organer ewéi d’Jugendréit nei belieft ginn
  • déi nei Kommunikatiounstechnologië verstäerkt fir jugendspezifesch Informatiounskampagne benotzt ginn
  • d’Parteien hir jonk Membere verstäerkt politesch forméieren an ënnerstëtzen
  • jonk Walkandidaten eng Diskussiounsplattform an de Medie kréien

D’CSJ fuerdert zousätzlech, datt bei de Landeswalen op all komplett Lëscht op mannst 10% vun de Kandidaten, a bei den Europawalen op mannst ee Kandidat ënner 35 Joer muss drop sinn. Gëtt dës Quote vun enger Partei, déi an all Walbezierk mat komplette Lëschten untrëtt erfëllt, da soll se am Kader vum Parteiefinanzéierungsgesetz eng zousätzlech Jugendförderung kréien. D’CSJ bedauert nämlech zu déifts, datt d’Jugendförderung aus dem aktuelle Parteienfinanzéierungsgesetz erausgeholl ginn ass. Mir begréissen awer, datt d’CSV 10% vun deem Geld, dat se duerch dat neit Gesetz kritt, fir Bildung a Formatioun benotze wëll. D’CSJ fuerdert schliesslech all Parteien op, bei der nächster Europawal mat enger vun der nationaler Wal getrennter Lëscht vu 6 Kandidaten unzetrieden.