Kongressresolutioun \”Focus Jonk\”


D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn.

Haut presentéiert ierch d’CSJ den eischten Deel vum Punkt 1.5. vum 1. Deel vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”:

Kongressresolutioun “Focus Jonk”

1.5. Méi politescht Matsproocherecht!

Wa Lëtzebuerg eng demokratesch Gesellschaft bleiwe wëll, da muss och dofir gesuergt ginn, datt all Awunner e Matsproocherecht kritt, datt all eenzele Bierger sech aktiv um gesellschaftlechen a politesche Liewe bedeelegt

Dëst gëllt besonnesch fir eis auslännesch Matbierger, déi wéi gewosst, mëttelfristeg hei zu Lëtzebuerg an der Majoritéit wäerte sinn. Fir datt an e puer Joer net eng Minoritéit iwwert eng Majoritéit décidéiert, mussen fir d’CSJ, d’Auslänner méi staark an d’politescht Liewe mat agebonne ginn. Allerdéngs bleift d’Welt fir eis nach ëmmer eng Welt vun den Nationalstaaten, wou un éischter Stell d’Zougehéiregkeetsgefill zu enger Natioun d’Leit op Dauer un hirt Land bënnt. Dofir bleift fir eis d’gesetzlech Basis vum nationalen Wahlrecht un d’Nationalitéit gebonnen a net un den Territorium.

D’CSJ wëll awer keng Revolutioun vum Walrecht, mee eng Erweiderung – eng Erweiderung fir eis auslännesch Matbierger. Allerdéngs besteet fir d’CSJ keen Zweiwel, datt een d’Nationalitéit an een erweidert Walrecht nëmmen ënner bestëmmte Konditioue kréie kann. Eng Persoun, déi d’lëtzebuerger Nationalitéit an domat d’Walrecht kritt, oder eng Persoun, déi ouni d’Nationalitéit unzehuelen gäeren um politesche Liewen deelhuele wëll, stëmmt mat iwwert dat langfristegt Wuel vum lëtzebuerger Land. Virun allem a Beräicher ewéi Finanzen, Wirtschaft, Bildung oder an de Gesellschaftsfroe brauche Staat a Gemengen eng Politik, déi langfristeg ugeluecht ass. Zu Nationalitéit a Walrecht mussen also déijeneg Zougang hunn, déi sech och wierklech fir eist Land interésseieren an dëst duerch d’Erfëlle vu bestëmmte Konditioune weisen.

Fir d’CSJ sinn déi wichtegste Konditiounen, déi erfëllt musse gi fir d’lëtzebuerger Nationalitéit an d’Walrecht ze kréien,

§ d’Kenne vun der lëtzebuerger Sprooch

§ eng Rei Joeren ouni Ënnerbriechung zu Lëtzebuerg gelieft ze hunn

§ Civiquescoursë matgemaach ze hunn

Fir d’CSJ kann d’lëtzebuerger Nationalitéit an dat nationalt Walrecht nëmmen da vun enger Persoun mat engem auslännesche Pass ugefrot ginn, wann se zënter 7 Joer ouni Ënnerbriechung hei zu Lëtzebuerg gelieft huet an een ëffentlechen unerkannten Zertifikat huet, dee offiziell confirméiert, datt déi Persoun lëtzebuergesch Coursë matgemaach huet an d’lëtzebuerger Sprooch um Niveau B1 vum Referenzkader fir europäesch Sprooche vum Europarot schwätzt an Notiounen am Franzéischen oder Däitschen huet. D’CSJ ass awer och der Meenung, datt zousätzlech d’Méiglechkeet bestoe soll, datt eng Persoun éischter d’Nationalitéit oder dat nationalt Walrecht ufroe kann, an zwar an deem Fall wou se 5 Joer ouni Ënnerbriechung am Land gelieft huet a Lëtzebuergesch um Niveau B2 schwätzt an Notiounen am Franséischen oder Däitschen huet.