Kongressresolutioun


D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn.

Haut presentéiert ierch d’CSJ d’Punkten 1.3. an 1.4. vum 1. Deel vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”:

Kongressresolutioun “Focus Jonk”

1.3. Ee kloere JO zur Méisproochegkeet!

Fir d’CSJ mussen zur lëtzebuerger Identitéit awer nierwend dem Lëtzebuergeschen ewéi bis elo, d’Franséischt an dat Däitscht gehéieren…

Dës zwou grouss europäesch Kultursprooche si vun Ufank un een Deel vun eisem kollektive Selbstverständnis. Dobäi kënnt, datt virun allem d’Franséischt um ëffentlechen a privaten Aarbechtsmaart eng dominant Roll spillt, während Däitsch nach ëmmer eng wichteg Plaz esouwuel an der Print- ewéi och an der audiovisueller Medielandschaft huet.

1.4. Fir “duebel” Nationalitéit!

Wann d’Lëtzebuerger Sprooch d’”Lingua Franca” vum Land soll sinn, dann ass et nëmme logesch, datt d’Kenne vun der lëtzebuergescher Sprooch och eng vun de Konditioune fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ass.

D’CSJ géif et begréissen, wa méi Auslänner hir Integratiounsbereedschaft an hiren Interessi un eisem Land duerch d’Unhuele vun der Lëtzebuerger Nationalitéit weise géifen. Dofir ënnerstëtze mir de Gesetzesvirschlag vun der Regierung, deen déi multipel Nationalitéit méiglech maache soll. Op déi Aart a Weis gëtt all deenen Auslänner hei am Land, an de Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen, d’Méiglechkeet gebueden, hir emotional Wuerzelen, déi si mat hirem Gebuertsland verbannen, net komplett ze trennen. Gläichzäiteg kënne si Lëtzebuerg als hir vollwäerteg Heemecht unhuelen.

D’CSJ ass sech awer bewosst, datt net all Land d’Méiglechkeet vun der “duebler Nationalitéit” akzeptéiert. Virun allem fir deen Deel vun eisen auslännesche Matbierger kéint d’Walrecht eng Alternative sinn, fir hire Wëllen fir zur nationaler Communautéit ze gehéieren, auszedrécken.