Skip to content

Nationalkongress 2008 : Eng néi Spëtzt fir d’CSJ – Kongressresolutioun

E Samsten 12. Abrëll 2008, haat d’Chrëschtlech Sozial Jugend, hieren Nationalkongress am Amphitheater vun der Coque. Op deem Kongress hunn déi 60 präsent CSJler am eischten Deel vum Programm, no de sëllegen Rapporten, eng 16 Säiten staark Kongressresolutiounsvirlag, déi vum CSJ-Nationalcomité präsentéiert gouf, kontrovers diskutéiert. D’Virlag huet d’Erkenntnisser, déi d’CSJ aus hirer, am vergaangen Joer organiséierter Informatiouns- an Sensibiliséierungskampagne “Focus Jonk” gewonnen huet, verschafft.


Kongressresolutioun “Focus Jonk”

An 3 groussen Kapitelen huet sech d’CSJ mat der sozialer Kohäsioun hei am Land ausernanergesaat an zu esou fundamental wichtegen Froen ewéi d’Zesummenliewen vun Lëtzebuerger an Auslänner, der Reform vum Bildungs- an Edukatiounssystem an dem Schafen vun méi Aarbechtsplazen an abordablen Wunnraum, Positioun geholl. D’CSJ veröffentlecht an der nächster Zäit all Dag ee vun deenen sëllegen Punkten vun der gestëmmter Kongressresolutioun.

Serge Wilmes néien Nationalpresident / Georges Weber néien Generalsekretär

No dem Ofstëmmen vun der Kongressresolutioun, déi mat grousser Majoritéit ugeholl gouf huet de Kongress een néien Nationalcomité fir déi 2 nächst Joeren gewielt.

Mat 48 Jo an 4 Nee-Stëmmen sass de 25 Joeren aalen Historiker Serge Wilmes zum néien CSJ-Nationalpresident gewielt ginn, an de 25 Joer aalen Informatiker Georges Weber zum CSJ-Generalsekretär.

An senger Ried als néien President vun der CSJ, huet de Serge Wilmes dofir plädéiert, datt d’CSJ sech och am 21. Joerhonnert zu sengen chrëschtlech-sozialen Wuerzelen bekennt a sech an enger ëmmer méi globaliséierter an individualiséierter Welt, an der vill Biergerinnen a Bierger Problemer hunn fir hir Plaz ze fannen, resolut fir déi sozial-ökologesch Maartwirtschaft an eng solidarech, human Gesellschaft staark mecht an der jidfer Jonken, a jidfer Bierger säin Deel vum national a global erwirtschafteten Räichtum kritt an sech net ganz aus senger sozialer Verantwortung erauszitt mee sech aktiv un der Zukunftsgestaltung vun hirem Land bedeelegt.

Doriwer eraus huet den néien CSJ-Nationalpresident annoncéiert, datt d’CSJ an deenen nächsten Méint, een néien Grondsatzprogramm ausschaffen wärt fir hieren Matmenschen ze wéisen watt der CSJ hier Visiounen fir d’Land sinn.

Doniewend huet de Serge Wilmes och annoncéiert, datt d’CSJ sengen Memberen verstärkt politesch Formatiounen ubidden wärt.

Schliesslech huet de néien Nationalpresident een Opruff un déi Jonk gemaach, hirt Talent, hiert Wëssen an hier Energie an d’CSJ an d’CSV ze investéieren, well et nëmmen esou eng Garantie dofir gi kann, datt eist Land och an Zukunft eng Politik vum Vereenen an net vum Trennen, kritt.

CSJ