Skip to content

Kongressresolutioun \”Focus Jonk\”

D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn.

Haut presentéiert ierch d’CSJ d’Introductioun vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”:

Kongressresolutioun “Focus Jonk”

Introductioun

D’Lëtzebuerger Gesellschaft huet sech an deene leschten 20 Joer immens séier entwéckelt a verännert. Dee staarke wirtschaftleche Wuestum deen eist Land zënter Joerzengte kennt, an deen der breeder Majoritéit vu sengen Awunner materielle Wuelstand bruecht huet, huet enorm sozial, kulturell, ökologesch an demografesch Verännerunge provozéiert, déi fir all Bevölkerungsgruppen a besonnesch fir déi Jonk, eng grouss Erausfuerderung sinn…

An enger globaliséierter Welt, déi ëmmer méi séier, méi komplex gëtt, hu vill Bierger Problemer fir hir Plaz an der Gesellschaft ze fannen. Si gesi fir sech keng richteg Zukunftsperspektiv méi, an hir Ängscht a Suerge si mëttleweil méi grouss ewéi hir Dreem an Hoffnungen. Dacks gëtt esouguer vun enger Identitéitskriis geschwat, well vill Bierger hirt Land net méi erëm kennen, an dëst aus deem einfache Grond, well eng Rei vu strukturelle Reformen bis elo nach net realiséiert gi sinn – Reformen, déi der rasanter Entwëcklung vum Land Rechnung droen, an een Ëmfeld schaffe géifen, an deem jidder Awunner sech wuel fillen a mam Land identifizéiere kéint.

Als politesch Jugendorganisatioun ass d’CSJ sech bewosst, datt si an der besonnescher Verantwortung steet, fir no Léisungen ze sichen a Virschléi ze maachen, fir datt jidder Jonken a jidder Bierger hei zu Lëtzebuerg d’Chance behält, sech fräi ze entwëckelen an e selbststännegt, erfëllte Liewe féieren ze kënnen. Well eng Gesellschaft awer net just eng Usammlung vun Individuen ass, mee eng solidaresch Gemeinschaft, muss d’Politik dofir suergen, datt Lëtzebuerg am 21. Joerhonnert eng fräi, gerecht, oppen, tolerant an optimistesch Gesellschaft bleift, deem seng Awunner mateenen an net laanscht enee liewen. Fir de Kader vun der zukünfteger Entwëcklung vun eisem Land kënnen ze bestëmmen, muss fir d’éischt e Bléck op déi aktuell Situatioun geheit ginn. Dëst huet d’CSJ am Laf vum Joer 2007, am Kader vun der Informatiouns- an Diskussiounskampagne “Focus Jonk” gemaach.

D’Analyse déi mir vu “Focus Jonk” gemaach hunn, an d’Konklusiounen, déi mir dorauser zéien, sinn an dëser Kongressresolutioun verschafft ginn. D’Kongressresolutioun huet net den Usprooch fir vollstänneg ze si, mee enthält eng Rei Fuederungen a Verbesserungsvirschléi, déi d’Chrëschtlech Sozial Jugend de politesche Verantwortleche mat op de Wee gëtt, fir datt d’lëtzebuerger Gesellschaft un d’Erausfuederunge vum 21. Joerhonnert ugepasst, an d’Kohäsioun vum Land gestärkt, ka ginn.