Skip to content

CSJ-Stad: Generalversammlung – Charel Hurt néie President vun der CSJ-Stad

Mat engem kuerze Réckbléck op seng dräi Joer Presidentschaft, huet d’Carole Schneider d’Generalversammlung ugefaangen. Dono huet hatt d’Wuert un den Sekretär Serge Wilmes weidergin, deen d’Aktivitéiten vum leeschte Joer virgestallt huet.

Nierft enger Réi Fun-Aktivitéiten huet hie viirun allem déi politesch Aarbecht ervirgehuewen. Heibäi virun allem d’Communiqueën, déi d’CSJ-Stad am leeschte Joer gemaach haat. Am meeschten Opmierksamkeet an de Medien kruut den Communiqué iwwert Geschäftswelt an d’Öffnungszäiten. Dësen haat ënnert aanerem beim LCGB héich Welle geschloen.

No dem Rapport vum Trésorier, dem Alain Guirsch, an der Réviseur de caisse, dem Elizabeth Wetz, gouf de Comité entlaascht a schliesslech koum et zu den Wale vum néie Comité dee mat grousser Majoriteit gewielt gouf:

President : Charel Hurt

Vize-Presidenten: Patrik Lukas ; Christian Bintener

Sekretär: Marc Zens

Tresorière : Elizabeth Wetz

Memberen: Vincent Staudt, Ivo Failla, Serge Wilmes, Lee Michel Bassegio

Bei den « mots d’amitié » huet den Gilles Bley, aktuellen Nationalpresident vun der CSJ, bemierkt, datt CSJ-Stad an de leschte Jore méi pickeg gin ass, an datt d’Sektioun op d’Ennerstëtzung vun der CSJ,CSF,CSV ziele keint. Dono ass et zu enger Diskussiounsro mam Isabel Wiseler, der CSV-Conseillière vun der Stad Lëtzebuerg, komm. D’Isabel-Wiseler-Lima huet virun allem een Iwwerbléck iwwert déi demographesch Situatioun an der Stad ginn, esou wéi Informatiounen zum Wunnengsbau an de PAG’en an der Stad ginn.