Skip to content

Extremismus brëngt ëm! Pro-Demokratie Kampagne

Zeeche sëtzten géint Extremismus a fir Demokratie!

D’Liewen an enger fräier, demokratescher Gesellschaft ass net selbstverständlech an fir d’Éiwegkeet gesechert. Demokratie ass e wäertvollt Ierfstéck, fir datt vill vun onse Virgänger haart gekämpft hunn an dobäi ganz oft hiert d’Liewen op Spill gesaat oder verluer hunn.

Iwerall op der Welt ginn et awer nach Extremisten, also Léit, déi versichen Demokratie mat alle Mëttelen ze bekämpfen. Och hei bei ons, an Europa, därfe mir ons net mat deem zefridden ginn, wat mir bis elo ereecht hunn. Mir musse wéider all zesumme fir Fräiheet a d’Menscherechter kämpfen an datt ëm sou méi wou Intoleranz, Gewalt géint Léit déi eng aner Meenung hunn, a Rassismus nees méi staark ginn.

Demokratie muss also gudd geschützt ginn an mir Jonker sinn ganz besonnesch gefuerdert, wëll et an onser Hand läit wéi d’Gesellschaft vu muar soll ausgesin. Wa mir gären hätten, datt mir och nach an Zukunft an engem demokratesche Rechtsstaat sollen liewen, dann därfe mir Jonker ons net zereckzéie mee mir mussen aktiv ginn.

Datt geet awer nëmmen an deem maer éischtens agesinn datt d’Demokratie net selbstverständlech ass, an zweetens an deem maer ons de Gefore fir d’Demokratie bewosst ginn. Dofir gëllt et sech gudd ze informéiere wëll nëmmen een informéierte Bierger kann eng eegen a kritesch Meenung kréien. Ween awer kritesch denke kann, dee léisst sech net esou séier vun Demagogen, Populisten an Extremiste manipuléieren a verféieren.

D’Chrëschtlech Sozial Jugend (CSJ), d’Junge Union Saarland an d’Jeunes populaires de la Moselle sinn sech hirer politescher Verantwortung bewosst a wëllen dofir gären déi Jonk iwwert de Wee vun enger Kampagne, iwwert den Extremismus a seng Gefore fir Demokratie informéieren a si fir Demokratie, Fräiheet, Recht an Toleranz sensibiliséieren.

An enger Gesellschaft ass jidereen e Virbild an dofir hunn mir all d’Verantwortung dofir, datt den demokratesche Rechtsstaat, d’Fräiheet vun all Eenzelen an seng Rechter, geschützt ginn. Nëmmen dee Staat, deen seng Bierger aktiv a verantwortungsvoll mat gestalten, bléift e liewege Staat.

Dofir, sëtzt mat ons zesummen en Zeeche géint Extremismus an fir Demokratie, wëll deng Stëmm zielt!