Skip to content

CSJ-Miersch: Emwëltaktivitéiten

Den neien CSJ-Nationalcomité huet sech ënnert anerem zum Ziel gesaat, d’CSJ-Memberen an ALL JONKEN deem d’Ëmwelt an d’Natur um Härzen léit an sech dofir asëtzen wëll datt, domadder an Zukunft méi rücksichtsvoll emgaangen gett, konkret Aktiounen unzebidden. Esou haat den CSJ-Nationalcomité am März eng Visite vun engem Niddregenergiehaus zu Eschduerf organiséiert. Dës Visite wuar op eng grouss Resonanz gestouss an dofir frëet sech den CSJ-Nationalcomité, weider Emwëltinitiativen, organiséiert vun der CSJ-Miersch, kënnen ze annoncéieren.

Ø Konferenz zum Thema “Klimaschutz – Jidder eenzelen zielt”

Méindes, den 2. Juli um 19h30 am Veräinsbau zu Miersdref/Miersch

Riedner: Marcel Oberweis (Deputéierten) Jeannot Behm (Agence de l’Energie)

Ø Visite vun der Biogasanlag zu Housen

Samsdes, den 7. Juli

Départ vum Bus um 9h15 op der Gare zu Miersch, Retour géint 12h30

Maach mat bei dësen Aktivitéiten an mëll dech hei un:

csj-mersch@csj.lu oder Tél: 691 83 62 71