Skip to content

CSJ-Seminar zum Thema: d\’Lëtzebuerger Gemengen

Den neien CSJ-Nationalcomité huet sech ënnert anerem zum Ziel gesaat, d’CSJ-Memberen an ALL JONKEN deen un der Politik interesseiert ass oder sech dofir interesseieren wëll, Bildungsaktivitéiten unzebidden. Den CSJ-Nationalcomité frëet sech dofir, eng eischt Initiative, een Seminar iwert d’Gemengenpolitik, organiséiert vun der CSJ-Péiteng, kënnen ze annoncéieren. Hei d’Invitatioun fir de Seminar:

Bass Du en dynameschen, gemengenpolitesch interesséierten CSJler???

Dann looss Dir dës Chance nët entgoen….

…Dech vum Innenminister Jean-Marie Halsdorf a vum Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina an d’Strukturen vun der Gemengepolitik aféieren ze loossen!

Wou? Zu Péiteng an der Maison de la Culture “A Rousen”

Place du Marché, L-4756 Péiteng

Wéini? Den 16. Juni 2007 ab 9H00

Themen:

Wou kommen d’Gemengen hier?

Wat ass hier gesëtzlech Basis?

Wéi gin se finanzéiert?

Wou geet ët hin?

No dem Seminar gett et eng kleng Stärkung an dono geet et zum Ofschloss an d’Piscine Kordall Rodange (PiKo)

Weider Infoen ginn et bei der Péitenger CSJ (arie@internet.lu)