Méi Europa!


Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Generalsekretär, op RTL Radio an Radio 100,7

Leif Nolauschterinnen a Nolauschterer,


Europa huet de Sonnden, 25. März 2007, Gebuertsdag gefeiert. 50 Joer sinn et hier, datt zu Roum déi europäesch Wirtschaftsgemeinschaft gegrënnt ginn ass. Wat deemools als Communautéit vun 6 Länner ugefaangen huet, ass an der Tëschenzäit zu enger Unioun vun 27 Staate ginn. Europa huet deemno an deene leschte Joerzengten eng grouss an eenzegarteg Entwécklung matgemaach: vun der schlëmmster Krichsplaz déi d’Menschheet jee gesinn huet zu engem Kontinent dee fir Fridden, Fräiheet, Wuelstand an Stabilitéit steet. Dës Entwécklung kënne mir all Dag nees op en Neits materliewen. Dank der Europäescher Unioun gi et keng Grenze méi tëschent de Memberstaaten, an d’Europäer kënne sech fräi bewegen an esou wirklech matenee liewen. Doniewend huet Europa seng Wirtschaft zesummegeluecht an domadder der Majoritéit vun ons de Wuelstand bruecht. Doriwwer eraus huet een Deel vun Europa seng Währungen matenee verschmolt, an doduerch fir Stabilitéit gesuergt. Dës originell Konstruktioun huet der Welt bewisen, datt historesch begrënnte Géigesätz keng Fatalitéit musse sinn, mee iwwerwonnen an, an een dynamesche Entwécklungsprozess ëmgewandelt kënne ginn.

Historesch Momenter, e wéi de 50sten Gebuertsdag vum Traité de Rome, därfen awer net nëmmen dozou benotzt ginn, fir un d’Succèsen vun der europäescher Konstruktioun ze erënneren. D’Europäesch Unioun ass och am 21ten Joerhonnert mat schrecklech villen Defiziter konfrontéiert, fir déi et bis dato nach keng adequat Léisungsvirschléi gett. Besonnesch d’Verfassungskrise léist Europa momentan ouni kloer Orientéierung sinn. Dofir hu sech de Weekend vum 23. op den 25. März 2007, honnerte vun europäesche Jugendlechen zu Roum getraff fir iwert hir Visioune vun Europa ze diskutéieren an de politesche Responsable matzedeelen. Och 6 jonk Lëtzebuerger, dorenner den Generalsekretär vun der CSJ, waren zu Roum präsent.

No 3 Deeg Debatten an Virliesungen, hunn déi Jonk den europäeschen Politiker schliesslech e kloere Message a Form vun enger Déclaratioun mat op de Wee gin: mir hätten gäre méi Europa awer een Europa wou den eenzelnen Bierger am Mëttelpunkt steet an net nëmmen d’Politik. Méi Demokratie, méi Transparenz, méi Dialog mat alle Komponenten vun der europäescher Gesellschaft, goufe gefuedert. Déi Jonk gleewen fest un déi europäesch Iddi, mee si hu momentan Problemer fir sech mat der aktueller EU ze identifizéieren. Si wëlle gären datt Europa nees méi konkret an innovativ gëtt, fir datt Europa sengem Ziel, eng Liewensunioun tëschent sengen Bierger ze schaafen, och gerecht gëtt. Dofir wëllen déi Jonk, datt d’Europäesch Unioun esou séier ewéi méiglech eng Verfassung kritt an der déi europäesch Werter an déi grouss politesch Zieler ee fir allemol verankert sinn.

D’CSJ huet sech dëse Fuerderungen zu Roum ugeschloss, well mir ons vun Ufank un zu Europa bekennen, an d’CSJler sech an deene leschte Joerzengten ëmmer aktiv fir d’Zesummenwuesen vum ale Kontinent agesat hunn. Zu Roum ass et awer och nees kloer ginn, datt d’Politik zwar versicht, déi Jonk verstärkt an den europäesche Prozess mat anzebauen, mee datt et nach grouss Defiziter gëtt, wann et drops ukennt d’Visioune vun de Jonke konkret ëmzesetzen. Déi europäesch Jugend muss sech awer och bewosst ginn, datt schéin Déclaratiounen net duer gi fir Europa no vir ze brëngen. Dofir musse mir als Jonker e permanente Kontakt zu de Politiker schafen fir datt d’Jugend zu enger fester an unerkannter Gréisst ka ginn. D’CSJ wärt sech op alle Fall dofir asëtzen, fir datt aus den Iddien vun deenen Jonken och Wirklechtkeet gëtt.

Serge Wilmes, CSJ-Generalsekretär