Skip to content

De Wunnengspakt: eng sozial Prioritéit!

Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Generalsekretär, um RTL Radio.

Leif Nolauschterinnen a Nolauschterer,

d’Wunnen hei zu Lëtzebuerg ass am Laf vun deene leschte Joeren esou deier ginn, datt et hautdësdaags fir di meescht vun ons praktesch onmeiglech ginn ass, fir sech eng Wunneng oder een Haus ze leeschten, ouni sech dobäi op Joerzengten hin ze verscholden, an an alle meiglechen Liewensberäicher staark anzeschränken. Wann d’Explosioun vun den Immobiliepräisser net gestoppt gëtt, da riskéiert onst Land an eng schwéier sozial Krise ze geroden, aus der et esou bal net méi wärt erauskommen. Déi astronomesch Wunnengspräisser wärten nämlech dozou féieren, datt e Land wat majoritaire Propriétairen zielt, sech an e Land vu greissten Deels Net-Proprietairen wärt verwandelen. Realiséiert sech dëse Szenario, da wärt näischt aneschteres e wéi déi sozial Gerechtegkeet zerstéiert ginn. Datt onst sozialt Gerüst net zesummenbrécht, mussen endlech Moossname geholl ginn, déi verhënneren, datt d’Wunnen zu engem Luxus wärt ginn, deen nëmme méi nach eng handvoll vu Leit sech kënne leeschten, an datt den Exodus vun onse Matbierger an d’Groussregioun wärt weidergoen.

Dofir huet Enn Januar de Minister Boden der Öffentlechkeet ee “Wunnengspakt” virgestallt, mat deem d’Regierung déi iwwerdriwe Wunnengspräisser nees op ee räsonnable Niveau wellt bréngen. Duerch dëss Initiative huet d’Regierung elo endlech déi Noutbrems gezunn, dei schon an deene leschte Joeren hätt misste gezu ginn. Well de fräie Maart an d’Politik et net fäerdeg bruecht hunn, fir d’Präisser op engem zoumutbaren Niveau ze halen, gesäit de Wunnengspakt vir, datt déi territorial Kollektivitéiten, also d’Gemengen, hir Verantwortung mussen iwwerhuelen an zum decisiven Akteur am Immobilienberäich musse ginn. Deen neie Pakt enthält eng ganz Rei vun Dispositiounen, déi d’Gemengen dozou motiveiere sollen, hir Awunnerzuel an deenen nächste Joere konstant an d’Luucht ze setzen, an d’Baue vun tausende vun präisslech räsonnable Wunnengen ze erméiglechen.

D’Moossname vun der Regierung kënnen deemno nëmme begréisst ginn, an dofir steet d’CSJ och resolut hannert dem Wunnengspakt. Mir si fest dovunner iwwerzeecht, datt dëse Pakt dee richtege Wee ass fir mëttlefristeg d’Immobilienpräisser ze stabiliséieren an ze reduzéieren. Op jiddferfall wärt d’CSJ net akzeptéieren, datt dës Mesuren elo nach verwässert oder esou guer net applizéiert wärte ginn. Dëst wär onverantwortlech vis-à-vis vun de Bierger vun dësem Land an zumools vis-à-vis vun deene jonke Generatiounen, déi sech, grad ewéi déi virecht, eng Zukunft wëllen opbauen. Dofir wärt d’CSJ d’Entwëcklung vum Wunnengspakt genaustens suivéieren, well mir an dësem d’Chance gesinn, datt déi sozial Kohäsioun och an Zukunft wärt gesëchert bleiwen.

Dodriwwer eraus fuerdert d’CSJ d’Politik op, net alleng op räsonnabel Wunnengspräisser ze sëtzen, mä och verstärkt Moossnamen ze ergräifen fir datt d’Majoritéit vun de Bierger an Zukunft kann ëmweltfrëndlech bauen. Nach virun e puer Wochen huet de véierten UN-Klimarapport ons alleguerte virun Ae gehalen, wat mat der Welt geschitt, wa mir net ophalen ons Ëmwelt staark ze belaaschten. Datt de Klimawandel sech net zu enger Katastrof entwëckelt, musse mir ufänken ons Liewensweis ze änneren. Dozou gehéiert fir d’CSJ och, datt mir an Zukunft verstärkt op energieeffizient an energierspuerend Wunne sëtzen.

D’CSJ wärt sech op alle Fall an denen nächsten Méint dofir asëtzen, datt de Wunnengspakt vu jiddfer Eenzlenen als déi sozial Prioritéit erkannt gëtt!

Serge Wilmes, CSJ-Generalsekretär

D’Parteien hunn d’Wuert, RTL Radio, 26. Februar 2007