Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Generalsekretär, um Radio 100,7, 7. Februar 2007
Leif Nolauschterinnen a Nolauschterer,
Zënter e puer Joere schons, kënne mir mat onsen eegenen Aan feststellen, dat ons Joeressaisongen net mei esou sinn e wei mir dat soss gewinnt woaren. Am Wanter get et net mei richteg kaal an am Summer get et entweder ze waarm oder net waarm genuch. Verschidde Wëssenschaftler versichen dës Wiederlaunen duerch natierlech Phänomener ze erklären. Anerer, e wei dei, dei virun e puer Deeg zu Paräis den véierten UN-Klimarapport virgestallt hunn, kommen zu enger Conclusioun, dei di meeschten vun ons schon geheiert hunn: net alleng d’Natur ass schold um Klimawandel mee an der Haaptsaach de Mensch, deen seng Ëmwelt ze staark belaascht.
Den UN-Rapport zeechnet dann och eng ganz däischter Zukunftsperspektive fir onse Planéit: falls d’Menschheet net méi raisonnabel mat den natierleche Ressourcen ëmgeet an d’Energienotzung mei effizient an ëmweltfrëndlech gestaltet, da wärt d’Klima op der Welt bis zum Joer 2100 ëm 3 Graad an d’Luut goen.
Dëst schéngt op den éischte Blëck net vill ze sinn, an dach ass et Synonym fir eng global Katastrof. De Mieresspiggel wärt duerch die konsequent Schmelzung vum Äis op den Ärdpolen an, an de Bierger ëm e puer Meter klammen an domadder ganz Regiounen iwwerschwëmmen, zerstéieren an onbewunnbar maachen. Reesen op Venedeg an Schifueren an den Alpen wärten dann nëmme mei schein Erënnerunge sinn. Aner Weltregiounen wärte komplett ausdréchnen an sech an Wüstenzonen verwandelen. Dëst sinn nëmmen e puer Konsequenze vum Klimawandel. Op laang Sicht awer, wärt esouguer d’Menschheet an senger Existenz bedroht sinn. Trotz dëse schrecklechen Aussichten, ass d’Situatioun nach net hoffnungslos. Dofir nëtzt et och näischt an een lähmenden Panikzoustand ze verfaalen.
Fir ons kollektiv Autozerstéierung ze verhënneren, musse mir alleguerte mat upacken. Dat bedeit net, daat mir an Zukunft op wirtschaftleche Wuestum an technologesche Fortschrëtt verzichte mussen, mee dat bedeit dat mir ufänken mussen aneschters ze produzéieren, aneschters ze wunnen, ons aneschters fortzebewegen, kuerz aneschters ze liewen. Domadder kann schon haut jidderee vun ons ufänken an deem hien aal Gewunnechte ännert e wei z.B. net fir all kuerz Streck den Auto benotzen, d’Waaser beim Wäschen net dei ganzen Zäit laafe loossen oder elektresch Apparater richteg ausmaachen. Dës kleng an onscheinbar Schrëtter kënnen d’Menschheet ee riesege Schrack no vir an Richtung harmonescht Zesummenliewe mat der Natur maache loossen.
Fir d’CSJ ass den Ëmweltschutz op jidferfall eng Prioritéit an mir sinn dovunner iwerzeecht, dat besonnesch dei jonk Generatiounen eng wichteg Roll spille mussen. Well mir dei Erwuesse vun muar sinn, musse mir schon haut mam gudde Beispill virgoen an deenen aneren Altersgruppe weisen, wei een deen katastrophale Klimawandel verhënnere kann. Als Jugendorganisatioun vun der gréisster politescher Partei sinn mir ons eiser Verantwortung bewosst an dofir wëlle mir an nächster Zäit ons jonk Matbierger mat Hëllef vun ënnerschiddlechen Aktivitéiten e wei z.B. Informatiounscampagnen oder Seminarer, sensibiliséiere an mobiliséieren. Well och am Kampf geint de Klimawandel zielt jidder Eenzelen vun ons!
Serge Wilmes, CSJ-Generalsekretär
D’Parteien hunn d’Wuert, Radio 100,7, 7. Februar 2007