Christine Delvaux: Déi éischt Fro geet iwwert d’EU-Verfassung. An déi Fro déi mir erageméilt krute war déi hei. Mir sollen d’nächst Joer fir oder géint déi nei EU-Verfassung stëmmen. Et gëtt esou vill dovu geschwat. Mä ëm wat geet et do eigentlech? Wat soll sech domat änneren? Oder vläicht verbesseren? Bis elo konnt nach kee mir op déi Fro äntwerten. Jean-Claude Juncker: Déi Fro kléngt einfach. Si ass och einfach ze beäntwerten, mä da misste mir schonn fir alleng déi Fro ze beäntwerten zwou oder dräi Stonnen Radioszäit hunn. Wann ech dat vereinfacht mä net vereinfachend kann duerstellen, geet et am Graffen drëm, bei deem Referendum zu dem d’Lëtzebuerger geruff sinn, den 10. Juli eng Fro ze beäntwerten…
Christine Delvaux: Déi éischt Fro geet iwwert d’EU-Verfassung. An déi Fro déi mir erageméilt krute war déi hei. Mir sollen d’nächst Joer fir oder géint déi nei EU-Verfassung stëmmen. Et gëtt esou vill dovu geschwat. Mä ëm wat geet et do eigentlech? Wat soll sech domat änneren? Oder vläicht verbesseren? Bis elo konnt nach kee mir op déi Fro äntwerten. Merci Eldoradio Team an och Premier. Jean-Claude Juncker: Déi Fro kléngt einfach. Si ass och einfach ze beäntwerten, mä da misste mir schonn fir alleng déi Fro ze beäntwerten zwou oder dräi Stonnen Radioszäit hunn. Wann ech dat vereinfacht mä net vereinfachend kann duerstellen, geet et am Graffen drëm, bei deem Referendum zu dem d’Lëtzebuerger geruff sinn, den 10. Juli eng Fro ze beäntwerten. Nämlech wëlle mir do wou mir es net genuch hunn méi Europa a wëlle mir gläichzäiteg net iwwerall Europa dat heescht keent oder manner Europa, do wou mir keent brauchen. Et geet drëm fir d’Fro ze beäntwerten, wëlle mir virufueren an Europa politesch Integratioun, dat heescht dat méi déift Mateneen vun de Länner an der Europäescher Unioun weider ze dreiwen oder menge mir mat manner Europa mat méi géinteneen a mat manner mateneen géif et och goen. An der Saach selwer geet et drëm fir eis ee Verfassungsvertrag an d’Hand ze ginn mat deem mir méi Ëmweltpolitik kënne maachen a mat deem mir méi Klimapolitik kënne maachen, mat deem mir méi Sozialpolitik kënne maachen, mat deem mir méi gemeinsam Aussepolitik kënne maachen, mat deem mir méi Influenz vun der Europäescher Unioun um Weltplang kënnen hu fir, datt mir eng Kraaft vum Fridden an der Welt hunn an net eng Kraaft vun der Zerstéierung. Et geet drëm, datt mir eis een Text an d’Hand ginn wou d’fundamental Rechter vun dem Europäer opgezielt ginn, wéi mir do zesumme liewen an a wat fir Prinzipien mat wat fir Rechter fir deen Eenzelnen mir wëllen zesumme liewen. Plus honnert aner Saachen, mä wann ech et op d’Essenz zréckféieren, géif ech et wëllen op déi Elementer zréckféieren. Christine Delvaux: Déi drëtt Fro dann, déi geet iwwert den Aarbechtsmaart. Do krute mir verschidden Aussoen erageschéckt. Hei sinn der mol zwou. Déi éischt ass déi hei. Vläicht hei emol eng anstänneg Fro. Jiddweree weess wéi schlecht et dem Aarbechtsmaart geet an trotzdem gëtt näischt dogéint gemaach. Wisou? Mir Jonker, wëll jo, ech hunn der 27 Joer, hu ganz vill Wënsch, mä leider sinn et momentan nëmmen Dreem, wëll een einfach keng Aarbecht méi fënnt. A wann nëmme fir e puer Wochen, respektiv Méint. Dat ass dach lächerlech. Wisou gëtt dogéint nicks gemaach? Wier frou eng Äntwert dodrop ze kréien. An déi zweet Ausso zum selwechten Thema: Här Premier, ech wéisst emol gär wéini datt déi Lidderhanesen, déi scho jorelaang am Chômage sëtzen an op deenen anere Leit hir Käschten sech ee schéint Liewe maachen, emol endlech e Punkt gesat kréien. Aarbecht gëtt et genuch, an een dee wëllt schaffe fënnt och eng Aarbecht. Mä déi Herrschafte si jo net blöd a maache sech d’Fangere knaschteg wou se jo am Chômage méi een angenehmt Liewe féiere kënnen. Do ginn et eng yet Méiglechkeeten eppes ze änneren. Ech si sécher, ech schwätzen hei am Numm vu ville Lëtzebuerger. Jean-Claude Juncker: Wann ech richteg verstinn, sinn déi zwou Froen do net vun deemselwechte gestallt ginn. Christine Delvaux: Nee. Jean-Claude Juncker: Dir hutt se also ganz geschéckt hei beienee geluecht fir och deenen déi sou gentil sinn eis nozelauschteren emol ze weisen wéi schwéier, datt et ass an der Politik et jiddwerengem gerecht ze maachen. Déi eng sinn der Meenung et géif guer näischt gemaach ginn fir, datt et manner Chômage géif ginn an déi aner sinn eigentlech der Meenung et géif guer näischt géint déi gemaach ginn déi am Chômage sinn. Dat ass dat spannend un der Politik fir jiddwerengem et gerecht ze maachen. Mir hunn eis scho méi laang maachen, datt mir iwwerhaapt net méi wëlles hunn et jiddwerengem et gerecht ze maachen, datt dat mir eigentlech och eng Suerg déi mir relativ kleng virkënnt fir jiddwerengem ze gefalen. Fir d’éischt emol zur éischter Fro. Datt vill Leit grouss Schwieregkeeten hunn sech um Aarbechtsmaart zurecht ze fannen, drop ze bleiwen oder iwwerhaapt drop ze kommen dat ass net vun der Hand ze weisen. Besonnesch bei deene Jonken ass dat ee Problem. Mä de Problem ass nach vill méi schlëmm fir déi déi e bësse méi al sinn. 50, 52, 53 Joer an déi a kengem Betrib méi eng Aarbecht fannen wëll keen esou Aler esou ze soen wëllt. Dee Problem ass esouguer nach méi schlëmm wéi dee vun deene Jonken. Well déi Leit déi sti wierklech mam Réck praktesch schonn hannert der Mauer. An déi Jonk stinn e bësse virum Bierg, firn et ze soen ween normalerweis virum Bierg steet, mä si kënnen awer nach lafen. Déi aner déi hu schonn eng ganz laang Streck hanneru sech. Et gëtt eng Vielfalt vun aktive Beschäftigungsmoossnamen. Et sinn dausende Leit déi keng Aarbecht hunn déi sech an Ausbildung befannen fir, datt se erëm fit a flott fir den Aarbechtsmaart ginn oder kënne gemaach ginn. Mir hunn zu Lëtzebuerg e System vun Aarbechtslosenentschiedegung dat esou ass, datt keen an ee sozialt Lach fällt wann e seng Aarbecht verléiert, mä, datt en eng anstänneg Verhütung kritt mat villen déi Aarbechtslosenentschiedegung kréien ginn och Formatiounsprogrammer gemaach. Vill Plazen ginn et hei am Land wou extra Stagen ugebuede ginn, wou extra Coursen ugebuede ginn fir, datt déi déi vum Aarbechtsmaart erof komm sinn oder déi déi nach net op den Aarbechtsmaart erop komm sinn nei Saachen an hirer Biographie dobäi kréien déi hinnen et erlaben fir méi liicht eng Aarbecht ze fannen. Esou, datt ech eigentlech net kann onbeäntwert an e Raum stoe loossen, datt guer keng aktiv Beschäftigungspolitik géif geschéien. Mä et muss ee se wëlle matmaachen. Da si mir bei der zweeter Fro. Dee vun de Lidderhanese geschwat huet. Déi meeschte Leit déi keng Aarbecht hunn, si keng Lidderhanese. Dat si Leit wou iergendeppes an hirem Betrib oder an hirem eegene Liewe passéiert ass, wat zum Resultat hat, datt se vorübergehend keng Aarbecht hunn. Déi meeschte Leit déi keng Aarbecht zu Lëtzebuerg hunn, iwwer 60 Prozent vun hinnen hunn no dräi Méint erëm eng Aarbecht. Wat also weist, datt wann d’Leit aarbechtslos ginn, se beméit sinn, relativ séier erëm eng Aarbecht ze fannen. De Phänomen vun der Laangzäitaarbechtslosegkeet, wou een also ganz laang keng Aarbecht huet, ass zu Lëtzebuerg relativ kleng, wann en och existéiert. Wann et een, dat soen d’Regelen, déi sinn am August 1983 agefouert ginn vun engem deemols nach jonke Staatssekretär am Ministère du Travail, dee Jean-Claude Juncker geheescht huet, déi wëllen, datt wann een ouni Ursaach eng Aarbecht ofleent, datt een och seng Aarbechtslosenentschädigung ewech geholl kritt. Wann een nëmmen esou mécht, wéi wann een eng Aarbecht géif sichen, datt een se kann ewech geholl kréien, dat d’Combinatioun vun deene restriktive Regelen a vun deenen aktive Beschäftegungsmoossnamen erginn d’Situatioun, datt mir ganz oft Leit opfuederen, u Stagen deelzehuelen, un Informationsprogrammer deelzehuelen, u Beschäftegungsmoossnamen deelzehuelen, déi dat dann awer net wëllen. A wann se dat net wëllen, kréien se hire Chômage ewechgeholl. Déi duebel Meenung do, déi eng déi soen, et gëtt näischt gemaach fir datt d’Leit eng Aarbecht kréien an déi aner déi soen et gëtt näischt gemaach géint déi, déi nëmmen esou maachen wéi wann se eng Aarbecht géife sichen, mä eigentlech keng wëllen. Déi Meenung ass falsch. Ech sinn der Meenung, datt mir zu Lëtzebuerg, wéi awer och am Rescht vun Europa mussen erëm de Wäert och vun der Aarbecht zréck ëmdenken. Ech soen net, datt de Mënsch, deen net schafft, näischt ass. Wëll all Mënsch ass eppes. Mä een dee wierklech wëll schaffen, deen Talenter huet, deen och bereet ass sech mitt ze maachen an deen net schaffe gelooss gëtt, wëll keng Aarbecht do ass, deem soll een éischter hëllefen wéi datt een iwwert en hierfällt. Anersäits, déi Leit déi fannen, datt d’Aarbecht se bëssen bei der Fräizäitgestaltung ferm hënnert, deene muss een erklären, datt de Staat net do ass fir d’Fräizäitgestaltung ze erméiglechen mä, datt en do ass fir datt d’Leit eng Aarbecht kréien. Woubäi dat net nëmmen d’Aufgab vum Staat ass, mä vun der ganzer Gesellschaft. Christine Delvaux: A ganz vill Froe krute mir och erageschéckt wat d’Lëtzebuerger Sprooch ugeet. Hei zwou Aussoen. Ech fannen et traureg, wann ee vun Auslänner gesot kritt, waart nach honnert Joer, da gëtt et kee Lëtzebuerger méi. Wéi ass dat méiglech? An déi zweet Ausso: Ma wollt emol froen wéisou der Lëtzebuerger Sprooch hei am Land esou wéineg Valeur zougesprach gëtt. Wéisou muss een als Lëtzebuerger a sengem eegene Land eng aner Sprooch schwätzen wann een eng Box oder eng Aachtchen kafe wëllt? Jean-Claude Juncker: Fir mat där zweeter Fro unzefänken. Ech mengen all Sprooch huet méi Valeur, wat op lëtzebuergesch Wäert heescht, wéi deen, deen dat dote geschriwwen huet mengt. Wann ech op déi lescht 30 Joer zréckkucken, dat esou een Zäitraum deen ech gutt iwwerblécken, ass d’Importenz, wéi Är Frostellerin oder Froesteller muss soen, wat mir Wichtegkeet op lëtzebuergesch nennen, vun der Sprooch, eiser Sprooch ëmmer méi grouss ginn. Ech ginn do emol ee Beispill, dat ass net e Beispill wat elo sou ass, datt elo jiddweree widdert d’Mauer flitt wann en dat héiert mä wat mir awer esou opfällt. Wéi ech ugefaang hunn mat Politik ze maachen, ech sinn an d’Regierung komm Enn 1982, do huet, wann ee Minister war, huet an der Chamber franséisch geschwat. Ech war deen éischte Staatsminister deen ugefang huet d’Erklärung zur Lag vun der Natioun déi déi meeschte Lëtzebuerger d’Erklärung iwwert den Etat de la nation nennen, zu Onrecht wëll et heescht Erklärung iwwert d’Lag vun der Natioun, deen déi op lëtzebuergesch gehalen huet. Ech sinn deen éischte Premier wat een op lëtzebuergesch Staatsminister nennt, an net Premier wéi déi meeschte Leit schreiwen, deen d’Regierungserklärung op lëtzebuergesch virgeluecht huet an d’Debatten an der Chamber ginn op lëtzebuergesch. Fréier, wéi ech ugefang hunn, do war dat guer net esou. Den Här Werner, ee vu menge Virgänger, deen huet seltenst, wat op lëtzebuergesch nëmmen heiansdo heescht, lëtzebuergesch geschwat. Ganz, ganz selen huet e lëtzebuergesch geschwat. Esou datt ech mengen, datt d’Sprooch awer an hirer Wichtegkeet gewuess ass. Da kënnt dobäi, datt mir hei zu Lëtzebuerg net nëmmen eng Sprooch hunn. Mir hunn och e Sproochesystem. An dee Sproochesystem ass, datt mir alleguer am Prinzip kënnen däitsch, franséisch a lëtzebuergesch schwätzen. Eng wuessend Zuel vun eis och nach englesch oder eng aner Sprooch, meeschtens englesch. Eist Land huet nëmmen eng Sprooch, d’Lëtzebuergescht, mä eist Land huet och e Sproochesystem an deem mir eis auskennen. An dat ass eppes enorm Wertvolles wa mir eis kënnen an e puer Sproochen ausdrécken. An dofir erféieren ech mech net all Kéier wann ech an engem Geschäft, Dir kënnt Iech virstellen wéi oft, datt ech selwer akafe ginn, oder op der Strooss vun engem Mënsch deen heiheem wunnt, op franséisch ugeschwat ginn, wëll ech ka jo franséisch. An hie ka kee lëtzebuergesch. Ech sinn also e bësse méi wertvoll, egoistesch betruecht, wéi hien. An dofir solle mir de Leit déi bei eis sinn hëllefen, datt si eis Sprooch kënne léieren. Eng aussergewéinlech grouss Zuel vun Net-Lëtzebuerger ass och bereet, lëtzebuergesch ze léieren a mir hunn haut méi Ufroen fir a Lëtzebuergesch-Coursen ze goen wéi mir iwwerhaapt Lëtzebuergesch-Coursen kënnen ubidden. Et gëtt Betriber déi Lëtzebuergesch-Coursen géifen ubidden, wa se Leit géife fannen déi hire Leit, déi bei hinne schaffe, bereet wiere lëtzebuergesch bäizebréngen. Mir soen ëmmer eis Sprooch, eis Sprooch, eis Sprooch, ech soen dat och. Mä maache mir dann alleguer ëmmer fir eis Sprooch dat wat mir kënnen? An hëllefe mir deenen déi se wëlle léieren, datt si se kënne léieren? Elo kréie mir am Laf vum Joer 2006, géif ech mengen, ee Gesetz iwwert déi sougenannten duebel Nationalitéit. An do wäerte mir virschreiwen, datt een dann och Grondkenntnisser vum lëtzebuergesche brauch, wann ee wëllt deen dueble Pass kréien. Näischt gëtt méi hefteg bekämpft wéi dat. An all Kéier wann ech gesot hunn an der Ëffentlechkeet, ech géif mengen lëtzebuergesch wär een Element vun Integratioun an eist Land a wär ee Ferment vun der Natioun fir emol e bësse geschwollen ze schwätzen, kréien ech aussergewéinlech vill Bréiwer déi mech quasi an de faschistoiden Eck ofdrécken, wann ech dat soen. Dofir wonneren ech mech, datt ech mech muss eigentlech hei bal géint dee Virworf wieren, et géif net genuch fir d’Lëtzebuergescht gemaach ginn, wëll normalerweis ginn ech dofir attackéiert, datt mir zevill Wert op d’Lëtzebuergescht géife leeën. Alt erëm eng Kéier fir schéint lëtzebuergesch ze schwätzen “Wie man’s macht, man macht’s verkehrt”. Dave Gloesener: Et si ganz vill jonk Leit déi eis Froen erageschéckt hunn. Ennert anerem ass dann eng iwwert d’Nuetsliewen erakomm. Firwat mussen d’Caféeën an eisem Land schonn um eng, respektiv déi meescht Discoen um dräi zoumaachen? Ass et net méiglech dës Zäiten ze verlängeren? Jean-Claude Juncker: Dat hängt ganz dovun of wou de Bistro sech befënnt. Wëll et gëtt och esou eppes wéi Recht op Nuetsrou. Wann ee méi al ass, dann huet ee méi Sënn fir Nuetsrou. An da muss ech als een dee 17 Joer Aarbechtsminister war soen: et gëtt och Leit déi an deene Bistroen an deene Restaurante schaffen. Dat sinn awer och Leit. Et ass awer net, datt déi eng sech ameséieren an datt déi aner d’Pan klake mussen. Do muss een also ee Gläichgewiicht fannen zwëschent der Interesselag vun de Beschäftegten an deem Secteur an der Interesselag vun deenen, déi gären d’ganz Nuecht ophätten an der Interesselag déi ronderëm déi Plaze wunnen wou d’ganz Nuecht opwier. D’Leit gi jo net dohinner fir ze bieden, déi ganz Nuecht laang. Dat kann ee relativ lues maachen. Et geet jo awer e bësse méi zolidd hier normalerweis. An dofir mengen ech, datt déi Regel déi mir hunn eigentlech gutt wier. Vläicht kéint een et e puer Deeg am Joer maachen wou ee méi labber géif domat ëmgoen, mä esou generell fräi Nuechten ze maachen, dat hätt ech net esou ganz gär wéinst de Leit, déi do musse schaffen, a wéinst deene Leit, déi ronderëm wunnen. Christine Delvaux: Hei ass nach eng Fro erakomm iwwert d’Fëmmen an der Ëffentlechkeet. Kënnt Dir den Här Premierminister froen wéini et verbuede gëtt, hei zu Lëtzebuerg am Büro an am Restaurant ze fëmmen, esou wéi et an Irland an an Norwegen schonn de Fall ass, hoffentlech dauert dat net méi laang. Jean-Claude Juncker: Et gëtt mir schlecht wann ech esou eng Fro muss beäntwerten wëll ech jo selwer fëmmen. Awer vill manner fëmmen. Esou, datt ech mech elo op ee System mat mir selwer gëeenegt hunn, wou ech héchstens zéng Zigaretten den Dag fëmmen, wat awer fir d’Fanatiker nach vill ze vill ass. Ech hunn u sech näischt géint eng Gesetzesgebung, déi misst jo nach kommen, déi géif virschreiwen, datt een do wou Leit sinn déi net fëmmen, net däerf fëmmen. Ech hunn et ëmmer normal fonnt an de Restauranten an och op anere Plazen, datt et een extraen Eck, eng Plaz gëtt fir déi, déi gäre fëmmen a fir déi aner Leit, déi dat net wëllen hunn. Dat géif mech also net stéieren, wa mir esou eppes géife maachen. Ech menge mir maachen et iwwregens och geschwënn. Christine Delvaux: Hei ass nach een dee géing gär politesch aktiv ginn an e weess awer net wéi. An zwar ass d’Fro déi hei. Firwat huet een haut d’Gefill, datt wann ee wéilt an der Politik matschwätzen a matmëschen, sech net richteg fir eng Partei entscheede kann wëll keng vun deenen déi a Fro kommen, dat heescht net den ADR an net d’KPL oder esou, sech wierklech méi vun der anerer ofhieft? Gëtt et net och eng Méiglechkeet net an enger Partei ze sinn, an awer d’Chance ze hunn gehéiert ze ginn, respektiv eppes am Land ze bewegen? Jean-Claude Juncker: Ech versti ganz gutt wéi schwéier datt et engem fällt fir wann ee wëllt politesch aktiv sinn, Member an enger Partei, nëmmen an enger ze ginn. Et gëtt jo keng Partei déi engem honnertprozenteg gefällt, och meng Partei gefällt mir jo net honnertprozenteg an ech gefalen net 100% vun deene Leit déi a menger Partei sinn. Ech sinn eng Partei fir mech selwer. Jiddwereen ass eng Partei fir sech selwer. Et fënnt een awer ni anerer déi 100% vu sengen eegenen Meenungen deelen. Et fënnt een der ëmmer déi 70, 60% dovun deelen. Da muss een anere Leit hir Meenung och respektéieren an dat mat a mäin eegent politescht Denken afléisse loossen an dat kann een am beschten an enger Partei maachen. Dat si keng Gesangveräiner. Meng jiddwerfalls net, wou ee virséngt a wou déi aner ofhuelen. Et gëtt hefteg mateneen diskutéiert ier een zu eppes kënnt wat Bestand huet. Mä et muss ee jo net an eng Partei goen, fir Politik ze maachen, fir Gehéier ze fannen, fir Afloss an der Gesellschaft ze hunn. Dat kann ee jo och maachen, datt een an de Gewerkschaften aktiv ass, doduerch, datt een an den ONGen aktiv ass. Bei deene Villen, déi sech am Beräich vun der Entwécklungshëllef engagéieren, bei deenen Associatiounen déi mir hunn déi am Behënnerteberäich täteg sinn, bei deenen déi eppes fir kriibskrank Kanner maachen, bei deenen déi probéieren Aktivitéiten ze entwéckelen, déi de Mënschen hëllefen, d’Protection civile, d’Pompjeeën, mir maachen ëmmer de Geck mat de Pompjeeën, mee wa mir si net hätten, da géif et een deiere Spektakel ginn fir dat ze ersëtzen, déi wäertvoll Aarbecht, déi d’Pompjeeën an d’Leit vun der Protection Civile maachen. Déi Associatiounen déi sech fir den Déiereschutz asëtzen, déi Associatiounen déi sech fir vielfälteg Beräicher vum Liewen asëtzen an déi net richteg och vum Staat kënnen organiséieren. Also wann ee wëllt politesch aktiv sinn an e politescht Engagement hunn, da gëtt et vill Formen mat deenen an duerch déi een dat maache kann. Et muss een net an eng Partei goen, mä wann ee muss a spiert, datt ee wëll an eng Partei goen, gëtt et nëmmen eng: CSV! Dave Gloesener: OK, gutt dat wier et gewiescht fir déi Froen déi mir erageschéckt kruten. Mir hunn Iech awer nach en Dossier matbruecht wou all déi aner Froen dra sinn.