Skip to content

Jonker an d\’Politik!

D’Chreschtlech sozial Jugend CSJ huet sech op hirem Nationalkongress zu Bastenduerf mam Gilles Bley als President an dem Mia Aouadi als Generalsekretärin, eng nei Equipe un hir Spetzt gewielt an domadder huet d’CSJ och en neien Wee ageschlooen an sech nei Ziiler gesat.

D’CSJ ass mat ongeféier 1000 Memberen, déi gréissten national parteipolitesch Jugendorganisatioun, an ass régional a lokal organiséiert. Ma am allgemengen stellt een fest, dat d’Zuel vun den jonken Leit déi sech an hirer Fräizäit engagéieren kleng ass. Duefir musse mir eis alleguerten d’Fro stellen: Wéi kann een haut des Dags en Jonken motivéieren sech fir Politik ze interesséieren an ze begeeschteren?

D’CSJ ass mat ongeféier 1000 Memberen, déi gréissten national parteipolitesch Jugendorganisatioun, an ass régional a lokal organiséiert. Ma am allgemengen stellt een fest, dat d’Zuel vun den jonken Leit déi sech an hirer Fräizäit engagéieren kleng ass. Duefir musse mir eis alleguerten d’Fro stellen: Wéi kann een haut des Dags en Jonken motivéieren sech fir Politik ze interesséieren an ze begeeschteren?

Haaptziil vun der CSJ ass et déi Jugendlech zu Letzebuerg nees fir den perséinlechen Asaatz an der Poltik a fir hir Matmenschen ze begeeschteren. Ziel muss et sin dat déi jonk Leit sech nees fir Politik interesséeieren a bereed sin, hir Zukunft selwer mat an d’Hand ze huelen. Selwer matzebestemmen an selwer matzegestalten, amplaatz dat hinnen alles einfach esou an de Schouss fàllt, ouni dat sie sech hei Froen stellen.

Des Politikverdrossenhét huet awer och seng Grenn. Et dierf én net soen dass Jugend automatesch onpolitesch ass well dest wier falsch. D’Jugend mecht sech schon Gedanken iwert hir Zukunft, awer d’Politik wees vläicht net emmer wéi se soll un Jonker heruntrieden an hir Messagen richteg verkafen. Di Jonk vun haut interesséiren sech méi fir Themen, fir Inhalter a konkret Sujeten wéi fir Institutionen, an sie sin dofir den Parteien geigeniwer immens messtrauesch.

D’CSJ huet sech zum Haaptziel gesaat Jonker ze invitéieren um politischen Débat deelzehueln an iwer Themen déi se direkt uginn wéi Emwelt, Bildung, Arbechtslosegkeet an och Generatiounsgerechtegkéet ze informéiren fir daat sie och kenne matt diskutéireren.

Mir als Chreschtlech Sozial Jugend belossen et allerdengs net bei der Diskussioun. Mir setzen ons konkret an fir d’Problemer unzepaaken a fir se ze léisen. Mir engagéieren eis.

Am Hibléck op déi nächst Gemengewalen, déi virun der Dir stin, ass et eis wichteg, dat déi Jonk hannert hirer Televisioun an dem Computer erfiir kommen. Et soll een sech net emmer nemmen iwwert seng Gemeng beschwéieren, ma et kann een sech roueg mol trauen selwer eng Hand mat unzepaaken. Lo gelt et sech ze engagéieren, secher deelweis fir den eegenen Interet, ma virun allem fir den Interet vun der Jugend, vu sengem Duerf, senger Gemeng a vu Letzebuerg.

Besicht eisen Site op www.csj.lu, informéiert iech a gid aktiv. D’CSJ ass op fir äer Problemer an äer Suggestiounen. Zesummen kenne mer nei Visiounen entwéckelen, kreativ an innovativ sin.

D’Gesellschaft vun haut a vu muer brauch jidfer eenzelnen vun Iech!