Skip to content

Regiirungserklärung

Vun eiser Aktioun heiheem fir datt d’Kohäsioun méi grouss gëtt.

Vun eiser Aktioun an Europa fir datt de Kontinent, seng Geschicht a seng Geografie beienee fannen. Fir de Fridden ass kee Präis ze héich. Wat de Präis vum Krich ass hu mer viru 60 Joer a méi op eng terribel Art a Weis erfuer.

Vun eiser Aktioun och an der Welt. Wa mer s’och nëmmen e bësse besser maachen, mir Lëtzebuerger, dann hu mer net fir näischt gehofft, gedreemt, geschafft a gelieft.

Déclaration de Jean-Claude Juncker portant sur le programme gouvernemental

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

D’Wahle sinn eriwwer. D’Schluecht ass geschloen. Mee Gott sei Dank war et keng Schluecht. D’Parteien hunn – am Regelfall – fair mateneen argumentéiert, et huet keen deen anere massakréiert.

Et gouf sech virum 13. Juni dacks driwwer beklot d’Wahlkampagne hätt keen Thema. Déi déi déi Klo gefouert hu schénge gemengt ze hunn et misst an der Politik een Thema gi ronderëm dat sech alles géng dréien, esou wéi wann am Liewe vum Eenzelnen an am Liewe vum Land nëmmen een Thema, eng Suerg, een Dram an eng Hoffnung d’Mënsche géif ëmdreiwen. D’Liewe vu jiddwerengem, an och d’Liewe vun engem Land, ass awer méi breet, méi villschichteg a méi komplizéiert wéi esou. Keen huet nëmmen een Thema. An d’Thema vun eisem Land, dat ass seng Zukunft. An déi Zukunft setzt sech aus villen Themen zesummen.

Keng Partei huet op all déi Froen déi sech stellen eng kohärent Äntwert aus engem Goss. Och déi net déi d’Wahlen op eng vu kengem kontestéiert Art a Weis gewonnen huet. Wahle gewannen, däitlech méi staark si wéi anerer heescht net op alle Punkte Recht ze hunn. Wahle gewonnen ze hunn, dat ass keng Invitatioun fir sech als Meeschter vum Land ze spieren an opzespillen, aner Meenungen an Iwwerzeegungen z’ignoréieren, aner Sensibilitéite ze laminéieren an aner Liewensvirstellungen a Liewensentwërf an hirem geschlossene Berechtegungskrees ze niéieren. Eist Land ass net d’Proprietéit vun enger méi staarker Partei oder vun engem duerch de Suffrage universel besonnesch däitlech Legitiméierten. Eist Land ass d’Koproprietéit vun alle Lëtzebuerger, vun de Leit alleguer, och vun deenen déi vu méi wäit kommen an awer no mat eis zesummeliewen.

Eng Partei – d’CSV – huet d’Wahlen däitlech gewonnen, eng aner – d’Demokratesch Partei – huet se däitlech verluer. Esou ass dat an der Demokratie: eng Kéier ass een uewen, eng Kéier ass ee méi ënnen. Deen deen haut uewen ass ka mar ënne sinn. Dorunner sollen déi denken déi haut uewe sinn. Deen deen haut ënnen ass ka mar uewe sinn. Dorunner sollen déi denken déi haut ënne sinn. Si brauche sech fir hir Aarbecht net ze schummen, scho guer net déi déi an der Regierung waren, si leien net um Buedem.

Eng drëtt Partei – déi Gréng – huet bei de Wahlen hir Positioun gestäerkt. Si mécht vu Programmatik a Personal hir de Krees vun de regierungsfähege Parteie méi grouss: eng positiv Entwécklung an eiser demokratescher Landschaft.

Den ADR ass méi schwaach gi wéi e war. D’Zuel vun deenen déi net besser si wéi déi aner awer dofir mordicus wëllen anescht si wéi déi aner hëllt of: dat ass och eng gutt Entwécklung.

D’Sozialistesch Partei huet hir Positioun konfirméiert an ausgebaut. Si ass mat Ofstand déi zweetstäerkste Partei ginn. Et mécht Sënn – arithmetesch a virun allem inhaltlech – mat hir eng Regierung ze bilden. D’Sondéierungsgespréicher hunn dat gewisen, d’Verhandlungen hunn dat bestätegt, déi grouss Traditioun vun däer Partei mécht dat méiglech an déi gemeinsam CSV- an LSAP-Leeschtungen tëschent 1984 an 1999 beleeën datt CSV an LSAP d’Land vun der Plaz brénge kënnen.

Nëmme wann déi politesch Viraussetzunge stëmme kann een d’Land weider vun der Plaz bréngen. Et brauch een dofir eng staark Majoritéit an der Chamber, et braucht een een zolidde Programm. Béid Virbedéngungen si beim Zesummegoe vun CSV an LSAP erfëllt.

Béid Parteien hu bei de Chamberwahlen zesummen no bei 60 Prozent vun de Stëmme kritt, si stellen 38 vu 60 Deputéierten. Béid Parteien hunn an alle véier Wahlbezierker d’Majoritéit: iwwer 52 Prozent am Norden, iwwer 54 Prozent am Zentrum, iwwer 55,5 Prozent am Osten a bal 68 Prozent am Süden. Keng aner Zwou-Parteien-Kombinatioun géif iwwer eng Majoritéit an alle véier Bezierker verfügen. Domat ass kloer: dës Regierung entsprécht dem nationalen an dem regionale Wielerwëllen. E gouf bei den Europawahle bestätegt.

Fir ze regéiere brauch een een zolidden a kohärente Regierungsprogramm. Deen hu mer a 15 Verhandlungsronnen ausgeschafft an opgestallt.

Net jiddweree fënnt sech mat allem wat e wollt a wat e gäer gehat hätt an deem Programm erëm. Ech och net. Mee d’Demokratie liewt och vum Kompromëss a vun der Konscht zum Kompromëss. D’Konscht vum Kompromëss besteet am Uleeë vun enger staarker Intersektioun vu gemeinsamen Usiichten a vu gemeinsamen Absichten deenen hir Bündelung dee Stoff ergëtt aus deem sech Léisunge fir d’Problemer vu Land a Leit erfannen, erdenken an ëmsetze loossen. D’Konscht zum Kompromëss besteet an der Bereetschaft déi fonnte Léisungen net doduerch onméiglech ze maachen datt ee sech selwer méi wichteg hëllt wéi déi aner. Ech ginn zou datt ech heiandsdo eng ausgesprachen Tendenz an déi Richtung hunn, mee ech probéiere mech ze besseren. An de leschte Joren, Méint an awer och Wochen hunn ech Eenzelner begéint déi genausou krank si wéi ech: si mussen och probéiere sech ze besseren.

Dee Programm deen d’Regierung Iech fir déi nächst Jore proposéiert leed kee radikale Klimawiessel an. Seng Applikatioun féiert allerdéngs zu engem relativen Temperaturwiessel. Déi nei Koalitiounspartner hunn an deene leschte Wochen dem Land a sengen Zukunftsthemen d’Temperatur geholl. Mir brauche méi e kille Kapp do wou eis Temperatur ze héich ass a méi Temperatur do wou eis Ambitiounen ze kill sinn.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech hu gesot: d’Thema vun der Politik ass d’Zukunft vum Land. An dat Thema setzt sech aus villem zesummen. Dat Villt dat d’Thematik vum Land ausmécht, dat hu mer probéiert am Koalitiounsprogramm zesummenzedroen deen dëser Erklärung zur detailléierter Ergänzung bäiläit. Dës Ried an de Koalitiounsprogramm erginn de Regierungsprogramm. An deem steet villes mee net alles. An him steet alles wat mer maache wëllen. An him steet net alles wat mer maache mussen, je nodeem wéi d’Welt sech entwéckelt. Well niewent Lëtzebuerg gëtt et nach eng ganz Welt déi no hire Gesetzer wiisst, Gesetzer déi se selwer nach net kennt, déi, wa se se bis formuléiert huet, sech eis och imposéieren.

Mee loosst mer emol zesummen ee Spadséiergank maachen duerch déi Landschaft déi mer kennen, duerch den Themebësch deen ugewues ass, duerch Gestrëpp och dat eis bis un d’Bee reecht an aus deem keen däischtere Bësch däerf ginn. Mir kënnen dobäi net hannert all Strauch kucken an an all Wénkel hanner de Wénkele blécken, mee mir mussen d’Äscht esou auserneenzéien datt mer wäit genuch gesi fir eise Wee ze fannen.

Dee Wee dee musse mer zesumme sichen an zesumme fannen. Dee Wee deen huet ee Weeschëld. An op deem Weeschëld steet eppes dat sech reimt: Modernisatioun, Innovatioun, Transformatioun an Integratioun.

An dëst Weeschëld féiert néierens hi wann een d’Logbuch, de Code de la Route, vu Modernisatioun, Innovatioun, Transformatioun an Integratioun net gelies a verstan huet: de Wee zur Modernisatioun, Integratioun, Transformatioun an Innovatioun ass d’Moderatioun.

D’Moderatioun ass d’Methode, d’Landkaart, d’Art a Weis, de Kompass.

D’Moderatioun – dir hutt et gemierkt – reimt mat Modernisatioun, Innovatioun, Transformatioun, Integratioun. D’Ziel an d’Methode: et ass eng Melodie.

Et war schon ëmmer modern, modern ze sinn.

Déi Modernitéit déi mer wëllen, dat ass awer net déi gängeg Modernitéit, Modernitéit ouni Déifgank, ouni Konsequenz, ouni Ëmstellung.

Mir wëllen net d’Modernitéit duerch afen- an epigonenhaft Upassung un den Zäitgeescht. Mir wëllen d’Modernitéit duerch de Mentalitéitswiessel.

Dee Mentalitéitswiessel, dee stéisst op Grenzen, net op Grenzen déi sech eis absolut opzwéngen, mee op Grenzen déi mer eis selwer opdrécke well mer virun den Aufgaben déi sech stellen gäer géife fortlafen. Aus Ängschtlechkeet, aus Bequemlechkeet. Aus lëtzebuergescher Kommoditéit.

“Mir wëlle bleiwe wat mer sinn”: dat war eisen Nationalsproch wéi anerer eis huele wollte wat mer waren a wollte sinn.

“Mir wëllen hale wat mer hunn”: dat ass de Motto vu villen déi mengen datt “hunn a sinn” datselwecht wier. Mir mengen datt dat net datselwecht ass. Och déi déi net vill hu sinn esou vill wäert wéi déi déi menge se wiere méi well se méi hunn.

Déi Modernitéit an déi Moderniséierung déi mer wëllen, dat ass déi déi am Changement d’Chance vum “bleiwe wat mer sinn” gesäit. “Mir wëlle bleiwe wat mer sinn”, jo, an dofir musse mer eis änneren, upassen, adaptéieren, evoluéieren.

D’Welt waart net op eis. A mir däerfen och net op d’Welt waarden. Mir mussen hir entgéintgoen – oder si iwwerrennt eis.

Déi déi alles wëlle si loosse wéi et ass, déi déi net moderniséieren, innovéieren, kreéieren, transforméiere wëllen, déi déi op d’Gemittlechkeet vum Strukturkonservatismus setzen, déi lafen der Welt dauernd no. Déi verpassen de Rendez-vous mat der Zukunft. Mir wëllen dëse Rendez-vous organiséieren. An aller Rou mee mat Begeeschterung. Mat zwee Féiss um Buedem mee a permanenter Bewegung. Mat Sënn fir dat wat gutt a richteg gewues ass mee awer och mam Wëssen ëm d’Verännerungsnoutwendegkeete vun der Zäit.

Fréier waren d’Politiker op der gewonnener Säit wa se Reformen ugekënnegt hunn. Haut mécht d’Reform Angscht, si provozéiert Oflehnung. Deen dee Reformen upaakt, deen deen änneren, transforméieren a moderniséiere wëllt, kritt kee Respekt mee en ass ville suspekt. Mir wëllen hunn datt d’Leit eis respektéiere well mer reforméieren.

Här President,

Heiandsdo heescht Moderniséieren intelligent Konservéieren. Dat ass de Fall an der Finanzpolitik.

D’Finanz-, d’Budgets- an d’Steierpolitik wäert keng drastesch Revirementer erliewen. Si géif och keng iwwerliewen. Si muss iwwerluecht a virsiichteg bleiwen an däerf dee Kanal net verloossen deen d’mëttelfristegt Wirtschaftswuestum hir griewt.

D’Budgetspolitik muss sech dem europäesche Stabilitéits- a Wuestumspakt konfirméieren, Stabilitéitspakt dee mer zesumme mat eisen EU-Partner aus senger konjunktur-neutraler Sakgaass eraushuele wëllen. D’Budgetspolitik gëtt recibléiert: mir musse léieren net méi alles an net méi alles eleng, ze finanzéiere soss lafe mer d’Gefor mëttelfristeg Schong an Huesen ze verléieren.

D’europäesch Ekonomie kënnt ëmmer méi op Touren. Op wéivill Touren datt se kënnt kann een haut nach net soen, kann een eigentlech ni op eng zouverlässeg Fassong virum Hierscht soen. Dofir gëtt de Budget an Zukunft am Hierscht an net am Summer opgestallt. Doraus ergi sech wiesentlech Ännerunge fir de parlamentaresche Budgetskalenner.

D’Steiersäz hirersäits maache keng grouss Spréng – guer keng no uewen, klenger no ënnen. D’Steierlaascht vun de Privatpersoune ka periodesch un d’Inflatioun ugepasst ginn. Déi vun de Betriber ka liicht ofgesenkt gi fir datt mer op der europäescher Steierskala wettbewerbsfäheg bleiwen. Si verschreiwt sech dernieft verstäerkt der Promotioun vun de mëttelstännegen Investitiounen.

Fir déi Leit déi hei am Land wunne bleift d’Bankgeheimnis bestoen. An et gëtt eng Quellesteier vun 10 Prozent op verschiddene Kapitalerträg agefouert. Dës Quellesteier ass libératoire. Kleng Spuerer falen net ënner si. Am Géigenzuch entfällt d’Verméigenssteier fir d’Privatleit. Op de Bankklienten déi net hei am Land wunnen applizéiert sech d’Zënsdirektive vun der europäescher Unioun: si bezuele vum 1. Juli 2005 u 15 Prozent Quellesteier.

D’Finanzplaz, déi duerch den europäesche Steierakkord vum externen Drock befreit ginn ass, wäerte mer méi pousséiert, méi strukturéiert a méi koordinéiert wéi bis elo promovéieren. Si bleiwt ee wiesentleche Bestanddeel vun eiser Ekonomie: dofir passe mer de legislative Kader an deem se sech bewegt lafend un nei Exigenzen un, dofir wëlle mer déi finanzplazrelevant europäesch Direktive méi séier wéi déi aner ëmsetze fir datt eis Finanzplaz virun anere vun neien Crénauë ka profitéieren. Iwwerhaapt kënnt et zu enger méi séierer Transpositioun vum EU-Recht.

D’Finanzplaz ass wichteg, mee d’Ekonomie ass méi wéi d’Finanzplaz.

Mir wëllen alles maache fir datt eis Ekonomie nohalteg a ressourceschounend ka wuessen. Mir wëllen hire Wuestumspotential stäerken an zwar iwwerall do wou Wirtschaft stattfënnt: an der Industrie, am Handwierk, am Handel, am Tourismus, an der Landwirtschaft an am Wäibau, am Commerce électronique, am Internet-Handel, an den Ëmwelttechnologien, an den alternativen Energien. D’Diversifikatioun muss méi divers ginn ouni datt se matscheg an diffus gëtt.

D’Wirtschaft kann net – a brauch net – zu der Wuestumsmegalomanie vum Enn vun de 90er Joren zréckzefannen. Mee si muss méi wuesse wéi an deene leschten dräi Joer, och fir datt Aarbecht fir jiddwereen net zur Illusioun gëtt. Dat ka se nëmme wa se kompetitiv bleift respektiv méi kompetitiv gëtt.

Net nëmmen d’Wirtschaft, mee doriwwer eraus d’ganzt Land, mat all sengen Akteuren an all senge Facetten, muss méi kompetitiv, méi modern, méi zäitgeméiss, méi oppe fir Neies ginn. Mer musse méi woen, méi ënnerhuelen, eis méi zoutrauen, mer brauche méi Selbststännegkeet.

  • Dofir ginn d’Aarbechte vun der Kompetitivitéits-Tripartite virugedriwwen,
  • dofir gëtt d’Recherche verstäerkt a méi no bei d’Wirtschaft – och bei déi mëttelstänneg – bruecht,
  • dofir ginn déi administrativ Prozedure méi geschmeideg gestallt an d’Decisiounsprozesser méi séier gemaach,
  • dofir bleiwen déi öffentlech Investitiounen héich an d’Lounniewekäschten niddreg,
  • dofir drécke mer d’Reform-Agenda vu Lissabon virun,
  • dofir suerge mer fir méi Mobilitéit op der Strooss an op der Schinn,
  • dofir setze mer, zesumme mat de Sozialpartner, net géint si, d’CFL an d’Lag ekonomesch Zukunftschancen ze notzen a sozial Existenzrisiken z’ëmfueren,
  • dofir gi mer der e-Dynamik am Land a beim Staat den decisive Push,
  • dofir initéieren, lancéieren a forcéiere mer – wann et muss sinn – nei Aarbechtszäitmodeller,
  • dofir konziliéiere mer Beruff a Famill iwwer dat bisheregt Mooss eraus,
  • dofir gi mer eis mat der Uni-Lëtzebuerg ee Gestaltungsinstrument fir eng méi komplett Zukunft an d’Hand,
  • dofir schafe mer méi Plazen an de Kannercrèche well d’Kanner keng Stroof a keng Belaaschtung mee Chance a Gléck solle sinn, well d’Wahlfräiheet tëschent Beruff a Famill keen eidelt Wuert däerf sinn.

Wat mer brauchen ass eng Verantwortungspartnerschaft fir all dëst, fir dat Ganzt. Dëst Hand an Handgoe vun alle betraffene Partner, dës national Verantwortungspartnerschaft eben muss organiséiert ginn. D’Regierung wäert s’organiséieren an animéieren.

Här President,

D’Modernisatioun, d’Transformatioun, d’Innovatioun, si déngen engem Ziel: der Kohäsioun an eiser Gesellschaft, an eisem Land.

D’Kohäsioun: dat ass eng Fro vu Wëllen a vu Kënnen.

Mer mussen de Wëllen hunn, d’Opkomme vu Parallel-Gesellschaften an eiser Gesellschaft am Keim z’erstécken. Mer däerfen et net zouloossen datt an eisem Land eng Grupp niewent däer aner liewt, Lëtzebuerger an Auslänner, Looseren a Gewënner, Leit ouni Aarbecht an ouni Hoffnung op Aarbecht, Leit mat Aarbecht ouni Verständnis fir déi déi keng Aarbecht hunn, Jonker an Eelerer déi kee Verständnis fir hir ënnerschiddlech Liewensetappen a Liewenspläng hunn. Op ee Land lauert Desintegratioun wann d’Gruppe sech a sech selwer verléiwen a keng Ae méi fir den Noper hunn, wann d’Gruppenegoisme galoppéiere statt dat Ganzt ze balancéieren, wann eenzel Intresse priméiere statt datt mer mateneen harmonéieren. Ee Land, dat ass net d’Additioun vun Intressenethnien a vun Egoismuskolonien. Ee Land ass nëmmen ee Land wann et ee Ganzt ass, ee staarke Wëllen huet, eng robust Ambitioun fir jiddwereen. Esou ee Land wëlle mer.

Kohäsioun verlaangt och Kënnen. Wee Kënne seet dee seet Moyenen, finanziell an aner Mëttelen, Instrumenter, Methoden: mir wëllen d’Regierung vun der Moderatioun sinn, net vun der Divisioun, net vum Géinteneen.

Eng Regierung net vum Géinteneen, eng Regierung awer och vun der Decisioun. Eng Regierung kann net nëmmen negociéieren, si muss och decidéieren. Et negociéiert ee mat de Gruppen, et decidéiert ee fir dat Ganzt.

Mer hunn ee Programm fir méi Kohäsioun a fir eng besser Integratioun. Mir wëllen eis d’Mëttelen an d’Instrumenter fir déi national Kohäsiouns- an Integratiounsambitioun ginn.

  • Dofir moderniséiere mer d’Schoul, am Dialog mat all deenen déi d’Schoul zur Schoul maachen: Enseignanten, Schüler, Elteren, Sozialpartner, mat all deenen déi eppes ze soen hu well d’Zukunft vun eise Kanner hinnen net egal ass. Mer wëllen den Erfolleg vun all Kand, mer wëllen duerch d’Schoul Liewenschance ginn, keng ewech huelen. Mir schafen eng Ganzdagspilotschoul. Mer verstäerken d’Evaluatioun, net zum Zweck vun der Sanktioun, mee zum Zweck vu jiddwerengem senger Promotioun. Mer ginn der Partizipatioun an dem Partenariat nei Méiglechkeeten. Mer iwwerpréifen an änneren d’Inhalter an d’Kompetenze vun de Schoulprogrammer, iwwerkucken an differenzéieren de Sproochenunterricht, mer wëllen déi auslännesch Kanner besser integréieren. Mer bauen d’liewenslänglech Weiderbildung aus a reforméieren de Beruffsunterricht. Kanner mat Verhalens- a Léierschwieregkeeten – och a grad Kanner mat engem Handicap – solle méi gehollef kréien. Mer bécken eis iwwer d’Praxis vum Redoubléieren: sëtze bleiwen däerf net am Liewe stoe bleiwen heeschen. De Précoce – eng formidabel Integratiounsschinn – muss an Zukunft an all Gemeng ugebuede ginn, grad ewéi d’Ganzdagsbetreiung an alle Gemenge soll weider entwéckelt ginn.

D’Schoul bleift eng Schoul vun der Leeschtung. Ouni Léieren a Schaffe geet et net. Mee d’Schoul muss fir all Kand d’Dier zum Liewe sinn, eng Dier déi opgeet, net eng Dier déi zougeschloe gëtt. Dofir muss all Partner vun der Schoul an all Partner an der Schoul seng spezifesch Verantwortung iwwerhuelen: de Ministär hällt keng Schoul mee en definéiert den allgemenge Kader, d’Schoul selwer muss an deem Kader dee si mat grousser Autonomie beliewe soll, all Schüler um Wee an d’Liewe begleeden. D’Schoul als d’Sprangbriet an d’Liewen: gëtt et méi eppes Schéines wéi gutt ze sprange fir besser liewen ze kënnen, gëtt et méi eppes Schéines wéi déi sprangen a landen ze gesinn déi ee sprangen a lande geléiert huet. Mir hätte gäer datt déi déi sprangen hires Liewens frou ginn – an och déi déi se sprange léieren.

Integratioun a Kohäsioun: dës duebel Exigenz ass besonnesch evident an eisem Matenee mat deenen déi hei liewen ouni Lëtzebuerger ze sinn. Tëschent eis an hinnen däerf kee Gruef bestoen. D’Integratioun vun den Net-Lëtzebuerger ass eng Offerte déi d’Lëtzebuerger musse maachen. An d’Net-Lëtzebuerger mussen dës Offerte unhuelen: et gëtt keng Flicht zur totaler Assimilatioun mee et gëtt eng Flicht zur Integratioun. Ouni dës Offer an ouni d’Unhuele vun dëser Offer, ouni eise Respekt virun deenen aneren hirer Eegenart an ouni hire Respekt virun eise fundamentale gesellschaftleche Wäerter gëtt et weder Integratioun nach Kohäsioun.

  • Dofir wëlle mer d’duebel Nationalitéit aféieren. Si bréngt eis méi no zesummen, féiert zu méi Mateneen ouni datt deen deen de lëtzebuerger Pass kritt den net-lëtzebuergeschen Deel vu sengem Liewen ewech geholl kritt.
  • Dofir bidde mer méi Lëtzebuergesch-Couren un. Vill Net-Lëtzebuerger géife gär eis Sprooch – déi esou schéin an esou wäertvoll ass wéi all aner Sprooch – léiere fir sech besser z’integréieren: zur Offer vun der Integratioun gehéiert och d’Offer vum Lëtzebuergeschen.
  • Dofir maache mer den öffentlechen Déngscht méi breed op fir EU-Bierger.
  • Dofir bleiwe mer ee Land dat op muss si fir déi déi verfollegt ginn. Si mussen hei eng Plaz fanne wou se sécher sinn.
  • Dofir gëtt d’Unerkennungsprozedur fir Leit déi Asyl siche verkierzt.

Déi déi Asyl froen an es kréie kënnen hei bleiwen.

Déi déi Asyl froen a kee kréien, deenen hëllefe mer hiert Liewe bei sech doheem nei unzefänken.

Déi déi Asyl froen a kee kréien, deenen hir Kanner awer schon e gudd Stéck Wee an eisem postprimären Unterricht avancéiert si kënnen a bestëmmte Fäll, wa se dräi Joer zu Lëtzebuerg wunnen, mat hire Kanner am Land bleiwen.

D’Flüchtlingsfro ass eng dramatesch Fro. Et gëtt keng gutt a richteg Flüchtlingspolitik. Et kann ee just probéieren et esou gutt an esou richteg wéi méiglech ze maachen.

  • Dofir fuere mer viru mat Determinatioun géint déi illegal Awanderung ze kämpfen.
  • Dofir schafe mer en neit Awanderungsgesetz aus.
  • Dofir iwwerpréife mer ob déi restriktiv Iwwerganksbestëmmunge fir Aarbechtskräften aus mëtteleuropäeschen EU-Länner no e puer Joer kënnen opgehuewe ginn.

D’Kohäsiounsgebot huet vill aner Facetten. Si gehéieren net ëmmer zesummen a beieneen. Mee si inspiréiere sech um selwechten “état d’esprit”, si entspriechen däerselwechter Kohäsiounsdémarche.

  • D’Verkéiersakzidenter mat hirer terribler Zuel vun Doudegen a schwéier Blesséierte bréngt all Zort vu Kohäsioun op ee brutalt Enn. Mir – d’Politik an all Eenzelnen am Verkéier – hunn et selwer an der Hand dës national Katastroph, dësen dramatesche Cortège vu Leed a Misär ze bremsen. Mir – d’Politik an all Eenzelnen am Verkéier – droe jiddwereen eng national Verantwortung.
  • Et gëtt keng integral Kohäsioun wann d’Recht op d’Wunnen nëmme partiell an Usproch geholl gi kann. Wunnen a Bauen mussen erëm jiddwerengem zougänglech gemaach ginn. Dofir fuere mer mat eiser aktiver Wunnengsbaupolitik virun. Si gëtt duerch vielfälteg Methoden an Instrumenter zur Vergréisserung vun der Offer vu Bauland beräichert. All getraffen Ënnerstëtzungsmoossnahmen um steierleche Plang bleiwen einstweile bestoen. D’Aféiere vun enger Spekulatiounssteier ass wäit dervun ewech tabu ze sinn. Staat a Gemenge musse regelrecht Bündnisser fir méi Wunnraum ofschléissen.
  • Wunnen, Schaffen, Fräizäit, Bewegung, Sozialinfrastrukturen, natiirlech Raim: dat sinn och Kohäsiouns-Polen, déi ee muss ënnerenee gewiichten, organiséieren, lokaliséieren. Dat ass d’Aufgab vum IVL, vum Aménagement du Territoire. Dëse Moderniséierungsschub packe mer nëmme mateneen: Staat a Land, Regierung a Gemengen, Politik a Leit. Ouni territorial Reorganisatioun, ouni intelligent Regionalisatioun, ouni Modifikatioun vun eise Strukture bis hin zu Synergien a méi wéi engem Beräich ass dat net ze maachen. Eng grouss Debatte kënnegt sech un: wéi kënne mer mat allem wat mer erdenken, wënschen, brauchen, verbrauchen a verwalten an d’21. Jorhonnert kommen.
  • Méi Kohäsioun ass gefrot an engem Beräich wou d’Kohäsioun nach Zeeche vu Fragilitéit opweist: an der Fraen- a Chancegläichheetspolitik. Gläichstellung an d’Gläichberücksichtigung vu Männer a Frae féiere mer als duerchgängege Leitprinzip an der Regierungspolitik duerch.
  • Et gëtt Politikzonen an deenen ass d’Kohäsioun eréischt no an no gewues. An hinne kann ee sech nëmme virsiichteg bewegen. All gréisser Erschütterung riskéiert ganz Gebeier zum Afalen ze bréngen.

Esou een Domaine ass d’Sécurité sociale. An hir fënnt déi organiséiert Solidaritéit statt.

Dofir solle méi Fraen an de Genoss vun der Mammerent kommen, déi an Zukunft no enger anerer Systematik finanzéiert gëtt.

Dofir gëtt et zur Behiewung vum Krankendefizit keen Allheelmëttel. Eppes ass kloer: breed Schëllere kënne méi Solidaritéitskiloen droe wéi schmueler. De Mix vu Mëssbrauchbekämpfung, Aspuerung, Austaréieren a méi Finanzéieren däerf zu kenger eesäiteger Belaaschtung féieren. Am meeschte Soue spuere mer wa mer der Krankheet duerch eng besser präventiv Medezin aus de Féiss ginn.

  • Déi atmosphäresch Kohäsioun am Land brauch d’Kreatioun. Dofir gëtt d’Kultur net wéi d’Stéifkand vun der Politik behandelt. Si hat an de leschte Jore vill Finanzmoyenen, si behällt se grad a virun allem während an no dem Kulturjoer 2007 dat eis an der Groussregioun méi Visibilitéit wäert ginn.
  • De Souci no Kohäsioun mécht net un de lëtzebuergesche Grenzen halt. Mir wëllen eise Beitrag zur globaler Kohäsioun leeschten: dofir setze mer eis Entwécklungshëllef no an no op 1 Prozent vun eisem nationale Räichtum erop.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech hunn elo vun de Landesgrenze geschwat. Ech wollt mam Hiwäis op d’Grenzen en Hiwäis op de Rescht vun der Welt ginn – de Rescht vun der Welt ass an eisem Fall besonnesch grouss. An dofir verdéngt en eis besonnesch Opmierksamkeet.

Eise Bäitrag a puncto Entwécklungshëllef ass eng Konsequenz vun enger globaler Analys. Aus Honger an Aarmutt, aus Ënnerdréckung a wirtschaftlecher a sozialer Ongerechtegkeet entstinn nämlech Konsequenzen.

Et entsti Verflichtungskonsequenze fir déi räich Länner am Westen: mer verflichten eis zu méi Entwécklungshëllef well mer manner Aarmutt, manner Misär, manner Krich a méi Liewe fir déi wënsche fir déi e séieren Doud déi eenzeg Perspektiv ass.

Et entstinn awer och Folgekonsequenzen mat deene mer eis an eise Länner auserneesetze mussen: den Terror an d’Gewalt déi och bei eis kënnen zouschloen. Et gëtt keng Justifikatioun fir den Terror, net an der Welt an net bei eis. Mir däerfen eis vun him net impressionnéiere loossen. Mir mussen der Bedrohung fir eis Sécherheet a fir eise fräie Gesellschaftsmodell energeschst entgéinttrieden.

Dofir bleiwe mer wuechtsam a Saachen Terrorgefor heiheem.

Dofir bleiwe mer opmierksam fir d’Terrorgefor dobaussen. D’NATO ass erklärtermoossen och ee Bündnis géint den Terror. Dofir passe mer eise Verdeedegungsetat no uewen un. Fir eisen Obligatiounen an der Allianz nozekommen. Awer och fir eis Arméi besser z’equipéiere fir hir Missiounen dobaussen an der Welt kënnen duerchzeféieren. Net nëmmen eis Arméi. Och eis Polizei: mer rekrutéieren viru staark, mer equipéiere s’anstänneg. Mir stelle méi Magistraten an. A mir ginn den Affer vu Verbriechen deen néidege Schutz am Kader vun de Geriichtsprozeduren.

Sécherheet dobaussen: do leeschte mer eise Bäitrag.

Sécherheet heiheem: dat ass eng vun den éischten Aufgabe vum Staat a senger Regierung.

Här President,

Op dës Regierung komme besonnesch schwéier Aufgabe während der Presidentschaft vun der europäescher Unioun zou. Mer hu s’an der leschter Regierung materiell optimal virbereed. Dës Regierung muss s’och inhaltlech optimal an de Grëff kréien. Déi Themen déi usti betreffen europäesch an national Froen am gläiche Mooss. Mer gi gemooss a mer mussen op der Héicht sinn. Do wou Eenegungen ënner den Europäer méiglech si féiere mer s’erbäi. Do wou Géigesäz tëschent de Länner ze grouss si rapprochéiere mer Standpunkten esou datt déi nächst Presidentschaften am Sënn vum definitiven Akkord kënne viruschaffen. Mer bréngen Europa weider, mer werfen et néierens zréck. A mer wëlle fënnef Joer laang iwwerall do derbäi si wou méi Europa stattfënnt.

Méi Europa heiheem kann – wa mer et richteg maachen – duerch deen ugekënnegte Verfassungsreferendum stattfannen. De Referendum soll eng breed Europa-Debatte zu Lëtzebuerg provozéieren. Un hirem Enn musse mer ee klore Jo zu Europa soe kënnen. Aus Iwwerzeegung. Aus Noutwendegkeet. Wéinst eis. Wéinst deenen déi jonk sinn oder an den nächste Jorzéngte gebuer ginn.

Dofir musse mer déi Debatte, eisen Deel vum grousse Rendez-vous vun den europäesche Mënschen mat hirem Kontinent gutt virbereeden. Och hei am Parlament. D’Parlament huet bei der Ratifizéierung vun der europäescher Verfassung dat éischte Wuert. D’Vollek kritt dat lescht Wuert. Et schwätzt säin Uerteel a leschter Instanz. Mer wëssen dat. D’Vollek weess et och.

Europa kritt eng Verfassung an nei Institutiounen.

Eng Verfassung hu mer och heiheem. Plazeweis datéiert se nach aus dem politesche Postkutschenzäitalter. Am Jumbo-Zäitalter muss se nei Flillleke kréien. D’Chamber huet ugefaang hir déi ze ginn. Si fiert mat dëser Aarbecht virun.

Eis Institutioune mussen de Contrainte vun eiser Zäit ugepasst ginn.

D’Leit froe méi Partizipatioun um politeschen Entscheedungsprozess tëschent de Wahlen: si kréie s’iwwer de Wee vu Volleksbefroung a Volleksinitiativ.

Mer mussen – wéinst de kuerzen Délaien an der europäescher Unioun an der Noutwendegkeet vun der reaktiver Vitesse heiheem – méi séier legiferéieren. Méi séier mee net manner gutt. D’Vitesse däerf net op d’Käschte vun der Qualitéit goen. Dofir erhéije mer d’Zuel vun de Staatsréit. All politesch Parteien déi heibanne Fraktiounsstäerkt hu sollen eiser Meenung no Virschléi fir d’Nominatioun vu Staatsréit maache kënnen. Mee opgepasst: de Staatsrot ass keen Ofstellgleis fir midd Männer a Fraen, kee Verschiebebahnhof fir Personalien ze klären. An de Staatsrot gehéiere Männer a Fraen déi wësse wat wat ass. De Staatsrot soll gestäerkt, net geschwächt ginn. Dorunner solle Regierung, de Staatsrot selwer an d’Parteien – deenen hir Finanzéierung séier geklärt muss ginn – denke wa se dës wichteg Institutioun opstocken – a stäerken.

D’Parteie géifen ee grousse Kredibilitéitsspronk realiséiere wa s’ënnereneen eng Léisung géife fanne fir ze verhënneren datt deeselwechte Sonndeg déiselwecht Politiker op zwou verschiddene Lëschte fir zwee Parlamenter – eist, dat europäescht – kandidéieren obscho se nëmmen an engem vun deenen zwee Parlamenter däerfe setzen. Mat deem Unfug muss Schluss sinn.

Modernisatioun also iwwerall, Här President, Innovatioun, Transformatioun, Integratioun. Dat ass de Motto vun eiser Zäit. Dat soll och d’Riichtschnouer vun eiser Aktioun sinn.

Vun eiser Aktioun heiheem fir datt d’Kohäsioun méi grouss gëtt.

Vun eiser Aktioun an Europa fir datt de Kontinent, seng Geschicht a seng Geografie beienee fannen. Fir de Fridden ass kee Präis ze héich. Wat de Präis vum Krich ass hu mer viru 60 Joer a méi op eng terribel Art a Weis erfuer.

Vun eiser Aktioun och an der Welt. Wa mer s’och nëmmen e bësse besser maachen, mir Lëtzebuerger, dann hu mer net fir näischt gehofft, gedreemt, geschafft a gelieft.

Source: www.gouvernement.lu