Skip to content

Journée de réflexion

CSV an CSJ no de Walen vum 13. Juni, 10 Joër no der frëscher Loft, 17 Méint virun de Gemengewalen… Analyse an Diskussioun.

Jonker an d’Gemengeréit 2005: Wat ass ze maan?

Grillowend um Stau…

Komm lanscht a maach mat.

E Samsden, 24. Juli zu Lëltz.

Detailler zum Programm …

Léif Frënn,

D’Walen vum 13. Juni sinn gewonn.

40% vun de Jongwieler hunn CSV gestëmmt. Domat hu mer als CSJ eist Walziel erreecht:

D’CSV ass éischt Partei bei deene Jonken.

E Merci un all déi, déi an der Campagne matgeschafft hunn.

Mir wëllen eis elo an d’Gréngt verzéien, fir d’Campagne an d’Resultater z’analyséieren. Expert’en a Journalisten wäerten eis dobäi kritesch begleeden.

Och gëllt ët Bilanz ze zéien vun 10 frësch Loft an der CSV.

Ass bei engem Resultat vun 36 % d’Erneierung ofgeschloss, oder gët ët nach eppes ze maachen?

No de Walen ass virun de Walen. Am Oktober 2005 sinn Gemengewalen a mir wëllen natiirlech datt och hei d’Interessen vun eiser Generatioun nët ze kuerz kommen a vill jonk Kandidaten sech op de Lëschten vun der CSV présentéieren. Dofir musse mer eis elo préparéieren.

Fir iwwert all dëst ze schnëssen, ze diskutéieren an ze plangen: Kommt e Samsden, 24. Juli 2004 op Lëltz an d’Jugendherberge.

PROGRAMM

10 Auer Arrivée a Kaffi

10.30 Auer

Walen 2004: Vague orange, Juncker-Effekt, Schwaarz-Gréng, Resultat bei de Jongwieler etc

Analyse an Diskussioun mam

Charel Margue vun der Ilres an dem Pierre Lorang vum Luxemburger Wort

13 Auer Mëttegiessen

15 Auer

Gët ët eng orange Gemengepolitik?

Ass e gudde Rot jonk?

Brainstorm mam Marco Schank,

Député-Maire a President vun der CSV Norden

16 Auer Kaffispaus

17 Auer The next moves forward

Eng nei Regiirung. E neie Programm?

CSJ no der frëscher Loft: Und was kommt jetzt?

Préparatioun vum Nationalrot an dem Nationalkongress

18 Auer Grillen vum Véih um Séi

Wou…?

Jugendherberg Lultzhausen

rue du village

L-9666 Lultzhausen

Tel.: (352) 26 88 92-01

Iessen an Umellen….

Fir eis Verpfleegung suergt d’Jugendherberg an d’Käschten iwwerhellt d’CSJ. Umëlle muss een sech awer sou séier wéi méiglech (bis de Mëttwoch 21. Juli) beim Gilles – gilles.bley@education.lu oder 021 272774.