Frësch Iddien


Radioemmissioun um 100,7 an der Sendung ?d?Parteien hunn d?Wuert? mat dem CSJ-Nationalpräsident Laurent Zeimet.Frësch Iddeeën an der CSJ

Radioemmissioun op 100,7 an der Sendung ?d?Parteien hunn d?Wuert? mat dem CSJ-Nationalpräsident Laurent Zeimet.

Dachs gëtt ee gefrot op eng politesch Jugendorganisatioun iwwerhapt kann ëppes bewegen. Déi beeschten Äentwert ass wuel: Et kënnt drop unn.

Um Kongress vun de Gréngen virun zwou Wochen huet den Députeierte Muck Huss gemengt missen ze soen: Déi next Regierung misst eng ouni CSV sinn. Daat schons 18 Méint virun de Walen ze proklaméieren, ass vläit e bësse fréi.

Mir hunn eis als CSJ gewonnert, datt déi Gréng ufänken Exklusiven auszeschwäetzen an engem Land daat nëmmen duerch Koalitiounen a Kompromësser fonktionéiert.
Mir hunn di Gréng drun erënnert, datt zum Beispill zu Köln Chrëschtdemokraten a Grénger eng Koalitioun aginn, datt esouguer an Eisträich déi Schwaarz mat de Gréngen verhandelen, an datt nët zu leescht an enger Reh Gemengen d?CSV an déi Gréng zesummeschaffe? Also wat soll den Eifer?

Wien mat weem, bleiwt eiser Meenung no, ëmmer dem Wieler seng Décisioun. A bis ewell huet sech d?CSV nach net an eng Regiirung gefuddelt, mä krutt fir hier Iddieën an hier Leit déi meeschte Stëmmen.

Nët méi spéid wéi gëschter sinn déi Gréng zreckgeruddert a fannen elo och, datt ee vrun de Waale keng Exklusiv soll ausschwäetzen ? och nët géint CSV.

D?CSJ probéiert awer natiirlech fir d?éischt bei der CSV anzewierken.

Ee Beispill d?Partenariatsgesetz, wat nach virum Summer soll duerch d?Chamber goen: Am Abléck soll e Partenariat um Greffe vum Friddensgericht déklaréiert ginn. Dat fannen mir nët ganz glecklech. Firwat komplizéiert, wann ët einfach geet. D?CSJ mengt dofir, dat Partenariat soll op der Gemeng déklaréiert ginn, wou d?Koppel wunnt.

Och gesäit de Projet vir, datt d?Koppel muss dräi Joer zesumme sinn, bis se ka vun de Steieravantagen bei enger Ierfschaft profitéieren. Dëst schengt eis nët ganz fair, géintiwwer deenen, déi schons laang zesummeliewe. Dofir erwaarden mer vun der Regiirung, datt sie op manst eng Ausnamregelung virgesäit.

An och d?Enn vun engem Partenariat sollt nach emol iwwerduecht ginn, lo wäer et sou, datt wann een d?Flemm huet, kann ee Partenariat opléisen ouni datt ee säin Partner muss informéieren.
Eng aner CSJ-Iddi, déi an de leeschten Deeg diskutéiert gouf ass déi vum Grenzlandlycée. D?CSJ am Norden proposéiert, datt an engem neie Lycée am Clierfer Kanton d?Schüler aus der Groussregioun sollten zesummen an d?Schoul goen.

Eng nei Zort vun Europa-Schoul esou ze soen. Eng ongewinnten awer interessant Approche, déi an nexter Zäit sëcher nach wäert fir Diskussioun suergen.

Dës Initiativ leeft am Kader vun der CSJ-Aktioun ?Loscht op Europa?.
Europa ass amgangen sech ze äenneren.

D?EU gëtt méi grouss, a mir musse feststellen, datt mer nach nët vill iwwert déi nei Membren wëssen.

Am Dezember wëllt d?Europäesch Unioun sech eng Verfassung ginn. Datt Europa nach laang nët all eisen Ewaardungen entsprëcht, huet sech alt erëm an der Kakofonie bei der Positionéierung zum Irakkonflikt gewisen.

D? CSJ ass der Meenung, datt ët héich Zäit gëtt, datt mer iwwert Zukunft vu Lëtzebuerg an Europa diskutéieren.

An daat heescht méi wéi nëmmen ze kukken wéivill Beamten da lo waerten op de Kiirchbierg schaffen kommen.