Skip to content

Member ginn

Sech politesch ze informéieren oder esouguer sech aktiv ze engagéieren ass net nëmmen interessant, mä gläichzäiteg och immens wichteg. Wisou? Well grad haut, an Zäite vun der Globaliséierung, d’Politik net nëmmen nokucken däerf, mä an der Flicht steet, d’Gesellschaft a besonnesch d’Wirtschaft ze begleeden an duerch Gesetzer ze regelen. Politik ass also keng abstrakt Niewebeschäftegung, mee eng konkret Aktioun, déi vu Kengem op déi liicht Schëller geholl däerf ginn. Politesch Entscheedunge bestëmmen a beaflossen, eis Fräiheet, eis Rechter a Flichten, eis Sécherheet, eise Wuelstand, kuerz eist Liewen. Dëst gëllt fir haut genee ewéi fir muer! Dag fir Dag decidéiere Politiker hei heem an an der Welt mat hiren Aktiounen iwwer Liewen an Doud, Wuelstand an Aarmut, Hoffnung a Verzweiwlung.

D’Richtung an déi d’Politik eist Land an d’Welt féiert, ass weder virausbestëmmt nach duerch den Zoufall diktéiert. Dëst ass kee Wonner wann ee bedenkt, datt et einfach Mënschen aus eiser Mëtt sinn, ewéi zum Beispill de Barack Obama, d’Angela Merkel oder de Jean-Claude Juncker, déi Politik gestalten. Politik kann also vun eis Alleguerten, vu Mënschen aus denger Noperschaft, dengem Bekanntekrees oder aus denger Famill, gemaach ginn. Firwat dann net och vun dir? Däi Wëssen, deng Iwwerzeegungen an deng Iddie kennen eng wichteg Roll spillen – wann s du et wëlls a bereet bass dech fir deng Matmënschen anzesetzen. Politik lount sech, well näischt gëtt vum selwen oder fir ëmmer an éiweg festgeluecht, näischt passéiert automatesch. Alles ka vun eis beaflosst a verännert ginn, op zum Gudden oder zum Schlechten!

An engems ass Politik kee Spill! Sech politesch engagéieren heescht Verantwortung iwwerhuelen: Verantwortung fir seng Matmënschen an fir d’Gesellschaft, eng Gesellschaft, déi eis et momentan zu Lëtzebuerg an an Europa erméiglecht, a Fräiheet a Sécherheet opzewuessen an ze liewen. An trotzdeem waarden heiheem an dobaussen an der Welt eng Hellewull vun Erausfuerderungen op eis! Esou musse mir Jonker eis ënnert anerem fir d’Erhale vum Fridden, dem Wuelstand, der Demokratie an dem Sozialstaat, fir d’Bekämpfung vum Klimawandel, vun der Aarmut, dem Honger an der Gewalt op dëser Welt, asetzen! Dëst si mir eis an de Generatiounen, déi no eis kommen, schëlleg!

Dofir denk mat, schwätz mat, DECIDÉIER MAT!

Zesummen mat eis, an der CSJ!