Skip to content

Europa & Integratioun

D’Europäesch Unioun (EU) erlieft momentan eng vun deenen kriteschsten an schwieregsten Phasen säit hirer Grënnung ënnert dem Traité vu Roum am Joer 1957. Déi geplangten Sortie vun Groussbritannien aus der EU, och Brexit genannt, weider Stréimungen vun Flüchtlingen an aner Migranten aus dem Mëttelosten an Afrika, mee och Finanziell an Ekonomesch Schwaachstellen an enger ëmmer méi globaliséierter Welt bréngen vill nei Risiken an Erausfuerderungen fir d’Zukunft vun Europa an eisem Land mat sech. Des Situatioun huet och zu Spaltungen ënnert Europäesche Member Staaten bäigedroen, déi elo gezwonge sinn erneit Debatten iwwert Europäesch Grondwäerter an Prinzipien ze féieren.

Am Kontext vun dësen rezenten Evenementer, mussen d’Europäesch Staaten, Institutiounen an Gesellschaften  zesummen kommen fir eng nei Politik opzebauen déi koherent, solidaresch an efficace institutionell Moyenen kann erschafen fir déi aktuell Situatioun als éischt ze entschäerfen an dann zu enger Nohalteger Fondatioun fir d’Zukunft vun eiser Europäescher Union an hiren Bierger féiert.

Fir an dësem Kader och hier Stemm an Positiounen kënnen ze vertrieden, huet d’CSJ en Aarbechtsgrupp opgestallt fir Europa an Integratioun, deen an véier Beräicher aktiv un Proposen an Recommandatiounen schafft: Flüchtlingskris, EU als globalen Acteur, Sozioekonomesch Integratioun an Europa, EU-Biergerschaft.

Mir freeën eis jonk Leit an eisem Grupp ze begréissen déi sech fir dëst Thema interesséieren an un der Zukunft vum Europäesche Projet matschaffen wëllen.

Christopher M. Lilyblad, Responsabel AG “Europa & Integratioun”
Kontakt: csj@csj.lu