Velo Wëntger

De CSJ Bezierk Norden a Friends huet dëst Joer eis Faarwen beim Velo Wëntger vertrueden. Dobäi hu si net nëmme vill Stonnen um Velo an eng Onzuel u Kilometer iwwerstaan. Och e klénge Stuerm an e schlëmmt Donnerwieder méi speit um Owend konnten hir Motivatioun net briechen.

Grondsazprogramm – Bausteng fir d’Zukunft

Das Grundsatzprogramm “Bausteng fir d’Zukunft” wurde am 28. März 1992 auf dem Monnericher Nationalkongress verabschiedet. Das Programm enthält weiterhin ein klares Bekenntnis zum christlichen Menschenbild. Das Prinzip der Nachhaltigkeit und die ökologische Komponente der sozialen Marktwirtschaft werden stärker hervorgehoben.

Presentatioun vun den CSJ-Kandidaten

D’CSJ huet de Moien am Casino Forum d’Art Contemporain hir Kandidate fir d’Chamberwahle vum 20. Oktober virgestallt. 9 vun de 60 CSV-Kandidaten si vun der CSJ: 5 jonk Fraen a 4 jonk Männer. Ënnert hinnen déi zwee jéngst Deputéierten an der Chamber: d’Tessy Scholtes an de Serge Wilmes. Zesumme stinn all d’CSJ-Kandidate fir déi permanent…

Studentefoire 2011

Och dëst Joer waren d’CSJ – Schüler a Studenten nees mat engem Stand op der Foire vertrueden. An och dëst Joer war d’Foire nees e groussen Erfolleg. Sou sinn eng Réi Jonker der CSJ bäigetrueden an tëschent de ville Memberen, déi während den zwee Deeg gehollef hunn, war eng super Stëmmung.

Let’s go! (Deel 2)

Wéi eng Bedéitung de Begrëffer “Integratioun” a “Partizipatioun” um politesche Plang ginn? Wéi eng national, awer och europäesch Dimensioun gëtt et? Wat solle fir eng CSJ do an de nächste Méint d’Prioritéiten sinn? Op wéi eng Froen gëllt et eng Äntwert ze fannen, wéi eng Erausfuerderungen ze meeschteren? Wat funktionnéiert awer och scho gutt zu…