CGJL Hearing “Jugendgarantie”

Donneschdes den 27. März 2014 war en Hearing an der Chamber bei deem eng ganz Rei Jugendorganisatiounen aus der CGJL hir Positioun zu der Jugendgarantie konnte virstellen. Mir begréissen des Initiativ vun der CGJL déi d’Ziil huet d’Zesummenaarbecht tëscht der Jugendkonferenz an der Chamber ze verstärken. Niewt e puer Députéiert war et virun allem d’Geleeënheet…

CSJ-Nationalkongress 2015

Den 21. Mäerz 2015 haat d’CSJ hire Nationalkongress zu Dikrech. De Kongress huet des Kéier een Dag gedauert (vun 9:30 bis 17:00) an d’CSJ Norden huet fir Iessen a Gedrenks gesuergt. Der CSJ Norden en decke Merci fir déi super Organisatioun. Niewt enger Statutereform vun der CSJ, sinn och 9 Resolutiounen diskutéiert a gestëmmt ginn.…

Juncker live@Life Bar (Fotoen)

Zesumme mat der CSJ an de CSV-Jugendkandidaten war de Premierminister Jean-Claude Juncker e Freiden Owend an der Life Bar. Mat de villen, interesséierte Jonken huet hien iwwert d’Zukunft vu Lëtzebuerg a vun Europa diskutéiert. „Mir huet d’Begeeschterung vun de jonke Leit immens gutt gefalen. Vu Politikverdrossenheet war keng Spuer ze gesinn. Am Géigendeel! Mir ass…

Merci fir e super Kongress!

Mir soen allen CSJ’lerinnen a CSJ’ler déi de leschte Samschden, 2. Mäerz, um Nationalkongress waren, ee grousse Merci! Merci, datt dir dozou bäigedroen hutt, datt 60 Jonker de Wee op Walfer fonnt hunn! Merci awer virun allem, fir déi flott a lieweg Diskussiounen! De Kongress wor wierklech ee grousse Succès. Mir wäerten am Laf vun…

Mir wëlle méi

Virun zwee Méint hat de Nationalcomité vun der CSJ en Aarbechtsgrupp agesat fir sech Gedanken driwwer ze maachen, wéi mir eis Partei an eis eegen Aarbecht an der CSJ am Moment gesinn. Zil war et Äntwerten ze fannen op d’Froen: Wat kënne mir an Zukunft an der CSJ verbesseren? Wéi eng Verännerunge wënsche mir eis…

CSJ Nationalkongress 2014

Merci iech alleguer fir dee super Kongress e Samsden den 1. Februar an der Stad. E Samschden goufen de Charel Hurt als neien CSJ Nationalpresident an de Fréd Ternes als CSJ Generalsekretär mat 65 vu 66 Stëmmen ugeholl. Weider Memberen am Nationalcomité sinn: Norden: Uljana Molitor, Stefano D’Agostino Osten: Stéphanie Weydert, Sven Conter Süden: Claudine…