Skip to content

Justiz

D’Justiz ass ee vun den dräi Pouvoiren am Staat a garantéiert mat senger Onofhängegkeet a Kontrollfunktioun Gläichgewiicht vun enger Demokratie. Wirtschaftlech a gesellschaftlech Entwécklunge stellen déi fragille Balance zwëschen dem Pouvoir législatif, exécutif a judiciaire oft a Fro.

Aktuell Theme wéi Globalisatioun, Identitéits- a Sécherheetsängscht oder Integratioun, verbonne mat emotionalen Diskussiounen, maachen et zou enger Erausfuerderung fir op aktuell Ëmstänn anzegoen, an trotzdem déi dauerhaft Reformen ze ënnerhuelen, fir d’Land op d’Zukunft virzebereeden.

An der Aarbechtsgrupp Justiz diskutéiere mir iwwert déi nei Verfassung, sou wéi déi aktuell Reformen am Beräich vu Justiz, staatlechen Institutiounen an Mënschen- an Grondrechter. Zudeem fonctionnéiert d’Aarbechtsgrupp och als Sammelplaz fir eventuell juristesch Ufroe vun deen aneren CSJ-Aarbechtsgruppen.

Tom Kerschenmeyer, Responsabel AG “Justiz”
Kontakt: csj@csj.lu