When:
19/07/2019 @ 18:00
2019-07-19T18:00:00+02:00
2019-07-19T18:15:00+02:00
Where:
21 Rue des Celtes
1318 Luxembourg

Léif CSJ’ler, Léif Frënn,
 
Mir hunn elo dräi ustrengend Walcampagnen hannert eis. Innerhalb vu manner wéi dräi Joer hu mer zesumme Gemengewalen, Nationalwalen an Europawale geschloen.

Als Kandidat hues du vill vun denger wäertvoller Zäit, Energie a Motivatioun hierginn fir dech fir deng Matmënschen a fir déi politesch Ziler vun eiser Partei anzesetze – an anere Wierder fir eppes ze beweegen an denger Gemeng, an eisem Land an dat am am Sënn vum Allgemengwuel.  

Dat alles ass keng Selbstverständlechkeet a mir wëllen dir perséinlech a vum ganzem Häerzen e grousse Merci soe fir däin Asaz deens du iwwert déi lëscht dréi Joer geleescht hues.

Am Numm vum CSJ Nationalcomité wëlle mir dech dowéinst gären zesumme mat dengem Partner alueden e flotten Owend mat eis ze verbréngen, de Freiden, den19. Juli – ab 18h00 zu Märel an der Stad (21, rue des Celtes, Merl).

Fir Iessen, Gedrénks a Musek ass gesuergt – fir déi gutt Stëmmung do ziele mer och op dech (a gäre kanns du och eise Gedrénksstand beräichere – do wäerte mer sech keen Asproch dogéint aléieen).  

Aus Organisatiouns grënn wäre mir dir ganz dankbar wanns du eis bis den 12. Juli matdeele kënns ob’s du an däi Partner dobäi wieren, iwwer Email op csj@csj.lu oder iwwer den Umeldeformulaire op eisem Internetsite. 
 
Mat de beschte Gréiss a nach eng Kéier e ganz grousse Merci fir däin Asaz iwwer déi lëscht dräi Joer. 

 

Alex Donnersbach                                                     Basile Dell

CSJ-Nationalpresident                                                 CSJ-Generalsekretär