Skip to content

Christian Weis als Gemengeconseiller zu Esch/Uelzecht vereedegt

Zënter dem 21. Oktober huet d’CSJ e weidere Gemengeconseiller an hire Reien. De Christian Weis huet d’Plaz vun der CSV-Vertriederin Annette Hildgen iwwerholl. Den 30 Joer alen Escher Jong ass nieft senger Funktioun als Sekretär vun der CSV Esch och nach President vun der CSJ Süden a Member vum CSJ-Nationalcomité. Mam Chrëscht zielt d’CSJ aktuell 15 Vertrieder an de Gemengeréit uechter d’Land.

De Chrëscht ass schonn 2 Mol mat an d’Wahle gaangen (2005 an 2011) an ass domat ee vun de ganz Erfuerenen an der CSJ. Hie war och laang Zäit President vun der lokaler CSJ-Sektioun. No laange Joren zu Louvain op der Uni, huet hie fir d’éischt fir de Justizministère geschafft, ass du bei d’Croix Rouge op Esch gewiesselt a schafft elo aktuell zu Mamer am Office social. Jeunesse-Fan bis op d’Blutt, nom Motto “et gëtt just ee Weis op der Escher Grenz”, lieft hie fir déi Schwaarz-Wäiss. Bei de Scouten huet hien och all Etappen hannert sech an ass och ee leidenschaftleche Fan vun der franséischer Fussball- a Rugbynationalequipe.

Den Nationalcomité wënscht dem Chrëscht alles Guddes a senger neier Funktioun a weess, dass hie vill flott Iddie fir d’Stad Esch huet.