Skip to content

CGJL Hearing “Jugendgarantie”

HearingDonneschdes den 27. März 2014 war en Hearing an der Chamber bei deem eng ganz Rei Jugendorganisatiounen aus der CGJL hir Positioun zu der Jugendgarantie konnte virstellen. Mir begréissen des Initiativ vun der CGJL déi d’Ziil huet d’Zesummenaarbecht tëscht der Jugendkonferenz an der Chamber ze verstärken. Niewt e puer Députéiert war et virun allem d’Geleeënheet fir dem Edukatiounsminister Claude Meisch an dem Aarbechtsminister Nicolas Schmit eis Fuerderungen mat op de Wee ze ginn. D’Positioun vun der CSJ gouf vum Julie Dupont vertrueden.

De Video vum Hearing fannt dir hei.