Skip to content

Fir eng generatiounsgerechte Politik

Als CSJ, Junge Union Saar a ‘”Jeunes Populaires Moselle” hu mir zu Remerschen iwwert eng generatiounsgerechte Politik diskutéiert. Wat muss elo gemaach gi fir der Jugend an d’Zukunft nach genuch politesche Gestaltungsspillraum ze loossen? Wat mussen hei elo d‘Prioritéite vun eisen dräi Länner a vun Europa sinn? A wéi esou eng Politik och ëmsetzen?

Zesumme mam Stephan Toscani, saarlännesche Landesminister fir Finanzen an Europa, mam Anne Grommerch, franséisch Deputéiert a mam Serge Wilmes, Deputéierten a CSJ-Nationalpresident, gouf virun allem iwwert d’Beschäftegung an Europa an an der Groussregioun, iwwert eng solidaresch Ofsécherung vun de Sozialsystemer an iwwert d’Entwécklung vun de Staatsfinanze geschwat.

Gemeinsamen Appell vun den dräi Jugendparteien: Für_eine_europäische_generationengerechte_Politik