Skip to content

CSJ Grënnung

“An eiser Famill gëtt diskutéiert, et kann ëmmer ëm d’Saach an am géigesäitege Respekt gestridde ginn”, sou de Jean Weiler, Sekretär vun der CSV Käl-Téiteng, en 18. Juni op der Grënnungsversammlung vun der lokaler CSJ Sektioun. D’CSJ wär do fir hir eege Meenung ze soen an an der CSV wär e frou nees eng  Jugendsektioun ze hunn. Eng Freed, déi och vum CSJ Nationalpresident Serge Wilmes gedeelt gëtt. Datt Jonker sech politesch an dëst fir eng länger Zäit engagéiere wëllen, wär haut sécher keng Selbstverständlechkeet awer immens wichteg.

“Mir wëlle mat neien Ideeën d’Gemengepolitik beaflossen, de Jonken d’Politik méi no bréngen an hir Meenungen an Intressien an der Gemeng vertrieden”, huet Tania Werner d’Ziler vun der neier CSJ Sektioun duergeluecht. Oft hätten déi Jonk nämlech e falscht Bild vun der Politik, sou de Kim Jacob. Et misst een dowéinst op lokalem Niveau op se duergoen an och ganz konkret weisen, wat ass Politik, wat kann e bewierken a wat ass de Wäert an de Sënn vun engem politeschen Engagement.

An Engem ware sech och all Riedner eens: an der CSJ steet déi politesch Aarbecht am Mëttelpunkt – eppes däerf awer nie ze kuerz kommen: de Zesummenhalt, de Teamgeescht an de Spaass un der Saach!