Skip to content

Eis eege véier Wänn

De Draam vun engem eegene Doheem huet jidderee vun eis. D’Erfëlle vun dësem Draam gëtt zu Lëtzebuerg awer ëmmer méi déier. Besonnesch mir Jonker stinn domat virun ëmmer gréissere Schwieregkeeten.

Um CSG-Treff iwwert de Wunnengsbau an de Gemengen de 6. Juni 2012 zu Hesper, huet d’CSJ dofir d’Buergermeeschter, d’Volléksvertrieder an de Wunnengsbauminister Marco Schank ënner anerem un eng “Question parlementaire” iwwert de „Contrat d’entreprise“ vum Gilles Roth aus dem Joer 2008 erënnert. D’CSJler hunn d’Wichtegkeet nach eng Kéier betount, datt jonk Leit beim Kaf vun engem Baugrond d’fräi Wiel sollen hunn, wat d’Baufirma ugeet. Virun allem sollen awer déi administrativ Prozeduren méi séier a méi einfach ginn. Och dierft d’Autonomie communale kee Virwand sinn, fir, datt verschidde nëtzlech Mesüren hei net kinnten ëmgesat ginn.