Skip to content

Reform oder keng Reform?

Wéinst der grousser Opreegung iwwert d’Edukatiounsreform huet d’CSJ sech op enger Pressekonferenz, a Persoun vum President Serge Wilmes an der Presidentin vum CSJ- Edukatiounsaarbechtsgrupp Claudine Bemtgem, mat engem Zwëscheruff zu Wuert gemellt. Sou ass fir eis kloer, datt eng Schoulreform néideg ass, wa mir de Jonken hei am Land weiderhin déi beschtméiglechst Zukunftsperspektive bidde wëllen. Doru sollen all d’Akteuren elo schaffen – manner emotional a méi sachlech! De Status quo ass fir eis keng Alternativ!

Beim Projet gesi mir verschidde Punkten duerchaus positiv (e.a. e gréissert Gewiicht op d’Naturwëssenschaften, den „Travail personnel”, den Tutorat, déi gréisser Wahlfräiheet bei de „Dominantes”, …). Dach bleiwen nach vill Froen op – schonns alleng wat déi konkret Ëmsetzung um Terrain ugeet. Stéchwuert : Besoin u Léierpersonal. Stéchwuert : Orientéierung vun de Schüler. Eisen Aarbechtsgrupp wärt sech an de nächste Méint weider mat der Reform auserneesetzen an d’Entwécklunge kritesch begleeden.