Skip to content

Politesch Rentrée vun der CSJ

Zesumme mam Éierestaatsminister a fréieren EU-Kommissiounspresident Jacques Santer hu mir iwwert d’Kris an Europa diskutéiert : Wat sinn hir Grënn? Wéi geet et weider?

„An der Politik, op europäeschem ewéi um nationale Plang, ass et wichteg eng kloer Linn ze hunn”, sou den Haaptmessage vum Jacques Santer un déi Jonk. E Jacques Santer, den awer positiv an d’Zukunft kuckt. Hien ass iwwerzeegt, wann d’Politiker elo de néidege Courage weisen, wärt Europa och dës Kris nees gestäerkt iwwerstoen.