Skip to content

Kontinuitéit bei der CSJ

Vu lénks no riets: Eric Kieffer, Sarah Moreira, Metty Steinmetz, Laurent Braun

Déi Chrëschtlech Sozial Jugend huet e Samschden, 7. Mäerz 2026, zu Esch-Uelzecht hiren ordinäre Kongress ofgehalen op deem en neien Nationalcomité gewielt gouf. 

Bei de Wale sinn de President Metty Steinmetz an de Generalsekretär Laurent Braun mat iwwert 95% vun de Stëmmen an hire Funktioune bestätegt ginn.

Hinnen zur Säit stinn d’Sarah Moreira als 1. Vize-Presidentin an den Eric Kieffer als 2. Vize-President. 

Den neie Comité an déi ugehollen Resolutioune fannt dir an eisem Communiqué de presse.