Skip to content

CSJ President Metty Steinmetz als Vizepresident vun der YEPP (Youth of the European People‘s Party) gewielt:

D’CSJ huet vum 11. bis den 13. Juli 2025 um 15. Kongress vun der YEPP deelgeholl. Ronn 200 Delegéiert aus 35 Länner hu sech getraff, fir en neie Comité fir d’Period 2025 – 2027 ze wielen.

Déi éisträichesch Europadeputéiert, Sophia Kircher, gouf als nei Presidentin vun der YEPP gewielt.

Eisen CSJ-President, Metty Steinmetz, gouf als ee vun den 9 Vizepresidente vun der YEPP gewielt. No senger Wal als Financial Auditor am Joer 2023, ass dëst och déi éischte Kéier zënter der Grënnung vun der YEPP am Joer 1997, datt e Vertrieder vu Lëtzebuerg am héchste Gremium vertrueden ass.

Den nei gewielte Vizepresident seet:

“Et ass eng grouss Freed an Éier, mech aktiv fir d’Intressie vun de Jonken op europäeschem Niveau kënnen anzesetzen. Europa steet viru groussen Erausfuerderungen, déi déi jonk Generatiounen am stäerkste wäerte betreffen. Politik fir Jonker muss dofir vun hinnen a mat hinne gemaach ginn.”

D’CSJ wënscht hirem President vill Gléck an eng glécklech Hand a senger neier Funktioun am Déngscht vun der Jugend an Europa.

Zesummesetzung vum neie Comité

Presidentin: Sophia Kircher (Éisträich)
Generalsekretärin: Edelmira Ferri (Spuenien)
Stellvertriedende Generalsekretär: Eoin Scarlett (Irland)
1. Vizepresidentin: Tea Jerković (Kroatien)
Tresorier: Carl Gustav Pfeiffer (Schweden)

Vizepresidenten:

  • João Cerejo Dos Santos (Portugal)
  • Žiga Ciglarič (Slowenien)
  • Severin Hiermer (Däitschland)
  • Todor Koneski (Nordmazedonien)
  • Maria Miala (Finnland)
  • Vassilis Sakellaris (Griicheland)
  • Ludovico Seppilli (Italien)
  • Max Špachta (Tschechien)
  • Metty Steinmetz (Lëtzebuerg)

Financial Auditors:

  • Sara Marinelli (San Marino)
  • Michele Roncoroni (Schwäiz)