Skip to content

CSJ Nationalkongress, den 1. Mäerz 2025 zu Gréiwemaacher

Déi Chrëschtlech Sozial Jugend (CSJ) huet den 1. Mäerz 2025 hiren Nationalkongress am Centre Culturel Machera zu Gréiwemaacher ofgehalen.

De Staatsminister an CSV-Parteipresident Luc Frieden huet iwwer déi aktuell Erausfuerderungen an eiser Gesellschaft geschwat. Hien huet betount, datt déi rezent Entwécklungen am Ukrain-Krich an d’Aussoen vum amerikaneschen President eis als Europäer opfuerderen, zesummen ze stoen a mat enger Stëmm ze schwätzen.

Am Kader vum Nationalkongress hu mir eisen Memberen d’Positioun zu enger méiglecher Pensiounsreform presentéiert. Mir hunn och eng Rei vun Themen diskutéiert an Resolutiounen ugeholl.

  1. Pensiounspabeier
  2. Logement
  3. Handwierk
  4. Finanzbildung