Skip to content

Thema Tracing-App: Firwat mobiliséiert d’Regierung net all hir zur Verfügung stoend Mëttele fir d’Verbreedung vum Virus ze stoppen?

Gëscht koum d’Nouvelle datt sech d’Unzuel vun den aktiven Infektiounen innerhalb vun 3 Woche verzéngfacht huet.

Och wann dës Zuelen nach wäit ewech si vum Héichpunkt den 1. Abrëll, drängt sech d’Fro vun enger Tracing-App och fir Lëtzebuerg nees op.

De 17. Juni huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert um 100komma7 gesot datt Lëtzebuerg séier eng Tracing-App kéint hunn wann de politesche Wëllen do ass. Trotz den héijen Infektiounszuelen, wëll oder kann d’Regierung dëse genannte politesche Wëllen NET opbréngen.

Mir kënnen dat net verstoen!

Den Dateschutz war bis elo e grousse Kritikpunkt bei allen Tracing-Appen. Dëse léisst sech awer léisen. Däitschland huet dat mat senger App vum Robert Koch Institut beispillhaft bewisen a esouguer de Chaos Computer Club konnt näischt Problematesches un der App ausmaachen. D’Donnéeë ginn dezentral op deenen eenzelen Apparater gespäichert an erlabe kee GEO Tracking.

Fir d’CSJ ass et kloer dat eng Tracing App e manuellen Tracing net ersetze kann an och net soll. Mee eng Tracing-App versteet sech komplementar zu dem manuellen Tracing an dem large scale testing; an domat kéint e wäertvolle Bäitrag geleescht gi fir d’Infektiounskette méi séier ze briechen.

Esou ass et z.B. méi einfach de Leit Bescheed ze soe wann een eng concernéiert Persoun net perséinlech kennt. Och léisst sech par rapport zum manuellen Tracing wäertvoll Zäit gewanne fir de concernéierte Léit Bescheed ze soen datt Si a Kontakt mat enger positiv getestener Persoun waren.

Fir d’CSJ steet d’Regierung hei an der Verantwortung! Et kann net sinn datt aus reng elektoralen an ideologesche Grënn op eng potentiell wichteg Hëllef am Kampf géint d’Andämmung vum COVID-19 verzicht gëtt. E weiderere Lockdown kënnen sech eis Gesellschaft, eis Entreprisen, Restaurateuren, Hotellen a Geschäfter beim beschte Wëllen net méi leeschten!

Mir fuerderen dowéinst d’Regierung op esou séier wéi méiglech Kontakt mam Robert Koch Institut opzehuele fir ze kucken ob dës App net och zu Lëtzebuerg vollstänneg an den Asaz komme kann. D’Matbierger musse mat enger breetugeluechtener Informatiounscampagne vun den Avantagen an den Datenschutzgarantien iwwerzeegt ginn. D’Benotze vun enger App muss fräiwelleg sinn an appeléiert un d’Eegeresponsabilitéit.

Ofschléissend wëlle mir de Staatsminister gären och nach eng Kéier u seng Strategie “Digital Lëtzebuerg” an u seng Ambitioune Lëtzebuerg zu enger “smart nation” ze maachen erënneren…wou bleift hei den Usporn?