Skip to content

Demokratesch Prinzipie gi mat de Féiss getrëppelt

D’CSJ fuerdert all d’Parteien am Europaparlament op, sech géint d’Propose fir de Poste vum Kommissiounspresident vun de Regierungscheffen auszeschwätzen.

Op deene verschiddene Sonndesrieden, egal vu wéi enger politescher Faarf, gëtt onënnerbrach gepriedegt dat d’Europäesch Unioun méi demokratesch a méi biergerno muss ginn.

Bei den EU Walen 2014 gouf fir d’éischte Kéier de Prinzip vun de Spëtzekandidate benotzt. Hei kann all europäesch Partei e Kandidat fir de Poste vum Kommissiounspresident proposéieren, sollt hir Partei bei den Europawale gewannen, respektiv eng Majoritéit am Conseil/Parlament kréien.

Dat waren a sinn net nëmmen eidel Wierder, mee e politescht Verspriechen un de Wieler!

Praktesch all déi grouss europäesch Parteien hunn dës Kéier un dësem Prinzip festgehalen. Si hunn hir Kandidate queesch duerch Europa an d’Televisiouns Debatten an an d’Zeitungs Interviewe geschéckt fir esou d’Wieler vun hiren Iddien ze iwwerzeegen. Souwuel de Manfred Weber wéi och de Frans Timmermanns waren hei zu Lëtzebuerg fir ëm Vertrauen ze werben.

Virun de Walen huet de Premierminister Xavier Bettel am Februar 2018 am Tageblatt Interview nach gesot: “D’Spëtzekandidaten elo opgi wär e Réckschlag”. No de Wale seet dee selwechte Xavier Bettel am Interview mam ZDF: “Das Spitzenkandidat-Prinzip ist ein Scherz”.

Dat ass net akzeptabel! Dobäi kënnt nach dat souwuel d’Sozialisten esou wéi och déi Gréng an der Regierung sëtzen an dës Decisioun am Conseil Européen matgedroen hunn. Wou ass de Réckgrat fir demokratesch Prinzipien?

Den aktuelle Prozess ass sécherlech net de beschte Walsystem fir de President vun der Kommissioun ze bestëmmen, mee et ass e wichtege Schrëtt an d’Richtung vun engem méi demokrateschen a méi biergernoen Europa.

Et geet also ëm en demokratesche Prinzip – d’Anhale vun engem politesche Verspriechen dat virun de Wale gemaach gouf, souwéi d’Erhale vum Vertraue vun all den Europäer an déi politesch Institutiounen.

Aus dësem Grond fuerdere mir d’Europaparlament op géint d’Propose vun de Regierungscheffe fir de Kommissiounspresident ze stëmmen. Sech géint d’Propositioun vun de Regierungscheffen auszeschwätze muss eng Prinzipiefro sinn.