Skip to content

Vincent Reding – Neie Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour

D’CSJ ass houfreg dat de Vincent Reding um Méindeg-Owend eestëmmeg vum Gemengerot vu Weiler-la-Tour zum Buergermeeschter bestëmmt ginn ass. Als Schäffe stinn him de Bob Wagner an d’Andrée Colas zur Säit.

Den 11. Oktober 2017 huet d’CSJ an engem Communiqué de Presse Verantwortung fir de Vincent Reding gefuerdert. Hie konnt säin excellent Resultat vun de Gemengewahlen 2017 elo bei de Chamberwahle vum 14. Oktober 2018 nach eng Kéier op 751* Stëmme verbesseren an ass domat erëm Éischt Gewielten a senger Gemeng Weiler-la-Tour.

Mir si frou dat de Vincent elo déi Verantwortung iwwerdroe kritt déi hie verdéngt. Mir wënschen him an dem neie Schäfferot vill Succès bei hirer neier Tâche.

Communiqué de Presse – Elections communales à Weiler-la-Tour

*De Vincent Reding krut bei de Chamberwahlen 2018 13 887 Stëmmen. Dovunner 751 a senger Gemeng Weiler-la-Tour