Skip to content

STAATSFINANZE SANÉIEREN HEESCHT NET 5 JOER LAANG SCHOLDE MAACHEN 

D’Gambia Koalitioun bretzt sech domadder d’Lëtzebuerger Staatsfinanzen no der Finanzkris an der CSV-LSAP Regierung sanéiert ze hunn. Mee wat si wierklech d’FAKTEN: 

  • 2018 hu mir zu Lëtzebuerg e projezéierte Wirtschaftswuesstem vu 4,6 %. D’Regierung projezéiert gläichzäiteg dat eis Staatsschold vun 12,7 Milliarden 13,2 Milliarden Euro klëmmt. 
  • 2013: 11 Milliarde Scholden ; 2017: 12,7 Milliarde Scholden…Hei gouf net richteg sanéiert
  • Eng Staatsschold geet net erof, well se am Verhältnis zum PIB méi kleng gëtt (!)
  • Dës Regierung huet ni richteg gespuert an de Staatsbudget net an den Equiliber bruecht. An awer hunn si Suen ausginn déi si net hate fir Walcadeauen ze finanzéieren (Steierreform, gratis Schoulbicher, gratis iPaden, etc.) 

WAT ASS D’ALTERNATIVE? WAT SCHLÉIT D’CSV VIR: 

  • Wann d’Wirtschaft gutt dréint, da muss de Budget equilibréiert ginn. Punkt. 
  • Verantwortlech Staatsfinanzen heescht: Sech wärend de gudden Zäiten op déi schlecht Zäite preparéieren.
  • Eise Wirtschaftswuesstem notze fir de Budget sou séier wéi méiglech ze equilibréieren, an gläichzäiteg Investitiounen an d’Infrastrukturen héich halen