Skip to content

Invitatioun CSJ-Nationalkongress 2018

Den 3. Mäerz: Häerzlech Wëllkomm zu Walfer!

Den 3. Mäerz ass den CSJ-Nationalkongress zu Walfer am Centre Prince Henri – 3, route de Diekirch. Am Mëttelpunkt stinn de Réckbléck op dat vergaangent Joer – ë.a. d’Gemengewahlen – an den Ausbléck op d’Chamberwahlen 2018. Mir freeën eis zesumme mat iech déi 7 eragereechte Resolutiounen ze diskutéieren.

Op dëser Plaz fannt dir déi gutt gefëllten Dagesuerdnung.

Et ass geplangt, dass de Kongress géint 13 Auer mat der Hémecht cloturéiert gëtt.

All weider wichteg Dokumenter fir de Kongress fannt dir op dëser Säit. Wann dir Froen hutt, kënnt dir se gären un csj@csj.lu schécken oder schreift e Kommentar ënnen op dëser Säit.

[dt_divider style=”thick” /]

A punkto Amendementer

Bei den Dokumenter alleguerte gëllt: Falls dir wëllt Amendementer maachen, sollen déi iwwert d’Sträichen oder Verbesserunge vum Inhalt vum Dokument goen. Amendementer kënnen natierlech och just iwwert déi Texter hei goen, déi nach net ofgestëmmt sinn – heescht Positiounen, déi vu Kongresser vun de leschte Joeren ugeholl goufen, kënnen net amendéiert ginn. Amendementer däerfen natierlech och de Prinzip vun enger Resolutioun net komplett änneren.

Weist d’Schreiffeeler roueg un! Mä dofir ass awer keen Amendement néideg. Wat déi final Mise en page ugeet, gëtt déi nom Kongress gemaach, wann d’Texter definitiv sinn.

Amendementer kënne bis freides, den 1. Mäerz schrëftlech un csj@csj.lu geschéckt ginn. Se kënnen awer och um Kongress schrëftlech beim Kongressbüro hannerluecht ginn. De Kongressbüro kann och um Kongress selwer op Basis vun de Diskussiounen nach Ännerungen ausformuléieren.

Wann dir en Amendement schrëftlech erareecht, gitt bei de Resolutioune w.e.g. d’Linnenzuel an och d’Säit un.

 

Resolutiounen

  • CSJ-Nationalcomité

Resolution Chancengleichheit

Resolution Digitalisation in der Arbeitswelt

Resolution Digitalisierung in der Schule

Résolution Inégalités sociales d’éducation

Resolution Nachhaltiges Wachstum durch Diversifizierung

Resolution Rentensystem

Resolution Wohnungsbau

CSJ-Aktivitéitsrapport 2017