Skip to content

Studenten Patt zu Schëffleng – Table Ronde iwwert Flüchtlingspolitik um Terrain

Déi zweet Editioun vum Studente-Patt war e vollen Erfolleg. CSJ Schüler a Studenten hunn bei dëser Geleeënheet eng Diskussiounsronn iwwert Flüchtlingsproblematik zesummen mat der Schëfflenger CSV Sektioun organiséiert. Mat Leit déi um Terrain aktiv sinn wéi den Paul Galles vun Young Caritas, den Michel Scholer vun der Associatioun Narin an dem Nicki Schilt vun der Associatioun Catch a Smile haten mir en ganz interessanten an informativen Debat. Iwwer 20 Leit hunn sou gëschter zu Schëffleng an engem gemittleche Kader mat den Invitéen iwwer hir Aarbecht mat de Flüchtlingen diskutéiert. E groussen Merci un jiddereen deen komm ass.

12885717_1025508354181432_4725038007169786429_o

 

12891601_1025508390848095_3070054358306210999_o12901199_1025508437514757_8190253159633017533_o