Skip to content

60 Joer CSJ…

…  dovunner 6 mam Serge Wilmes als President a mam Georges Weber als Generalsekretär.

60Hinnen zwee soe mir villmools Merci fir hiren Asaz am Sënn vun der CSJ a wënschen hinnen vill Freed fir hir politesch a privat Zukunft.

Um CSJ-Nationalkongress den 1. Februar an der Stad stoungen awer niewt der Wahl vun enger neier CSJ Spëtzt och d’Feierlechkeeten fir 60 Joer CSJ am Virdergronn.

De Pascal Nicolay (CSJ Veteran) huet eng historesch Festried gehalen, aus där dir hei e puer Extrait’en fannt:


“Di allereischt CSJ Usätz gouf et 1936 an der Stad an zu Esch.”

“Daat waat mer haut feieren, ass de nationalen Zesummeschloss vun de lokalen a Bezierksstrukturen vun der CSJ op hirem eischten Nationalkongress den 13. Dezember 1953 an der Stad am Vollekshaus.” (op dee mat folgendem Opruff invitéiert ginn ass:)

Christliche politische Jungmänner und Jungmädchen,

Brechet auf zum 1. Nationalkongress der Jugendsektion am morgigen Sonntag.

Voller Kraft und Begeisterung soll unsere Jugendsektion auf nationaler Basis geschaffen werden.

Es ist nicht für den Trägen, den ewig Müden weil er dadurch in Aufregung geraten und an Verdauungsstörungen leiden könnte.

Es ist auch nicht für den Ängstlichen und Scheuen deren oberster Grundsatz bedeutet: Nur keine Schwierigkeiten.

Es ist auch nicht für die Opportunisten und Feinklugen, welche dann erst begeistert zustimmen wenn der Erfolg bereits winkt.

Es ist nicht für die Leisetreter, die vor lauter Rücksichten und Erwägungen nie zum Entscheid gelangen.

Es gilt auch dir nicht, Streber und Pöstchenjäger.

Wahre politische Militanten sind solche, die immer bereit sind zu geben von ihrer Person, von ihrer Zeit, von ihrer Kraft und ihrem Können.

Zu der politescher Aarbecht vun der CSJ soot de Pascal Nicolay:

“Vill vun de Fuerderungen hunn dacks 10-20 Joer gebraucht eier se per Gesetz an d’Realitéit emgesat goufen. Ee Beispill: 1978 fuerdert d’CSJ e Verfassungsgericht, 1996 (18 Joer mei speit) ass et dunn souwäit.”

“Wichteg Texter (fir d’CSJ) wëll ech awer kuerz erwähnen: Manifest vun 1953, Grondsatzprogrammer vun 1978 (Keine Politik von heute ohne CSJ von morgen) a 1992 (Bausteng fir d’Zukunft), Frësch Loft 1994/95 (an Update 2000) … an d’Dokument vun haut “Mir wëlle méi” wat och als historesch considéréiert gett wann een an 20 Joer driwwer schwätzt.”

Zum Schluss ass de Pascal Nicolay op d’Autonomie vun der CSJ agaang:

“Et ass scho verwonnerlech firwat d’CSJ an all deene 60 Joer ëmmer rem op e Neits muss sou op hir Eegestännegkeet pochen. Hei e bekannten Zitat:

Wir sind nicht das artige Schosshündchen der Partei, das man jedem Besucher stolz vorführt. Wir beanspruchen ein Eigenleben und das Recht auf Bewegungsfreiheit.

Unser Verhältis zur CSV muss eine solidarische, kooperative und kritische Partnerschaft sein. Abweichende Meinungen dürfen nicht als Majestätsbeleidigung abgewiesen werden.

Jean-Claude Juncker, Vizepresident vun der CSJ, 1977