Skip to content

Presentatioun vun den CSJ-Kandidaten

D’CSJ huet de Moien am Casino Forum d’Art Contemporain hir Kandidate fir d’Chamberwahle vum 20. Oktober virgestallt.


9 vun de 60 CSV-Kandidaten si vun der CSJ: 5 jonk Fraen a 4 jonk Männer. Ënnert hinnen déi zwee jéngst Deputéierten an der Chamber: d’Tessy Scholtes an de Serge Wilmes.

Zesumme stinn all d’CSJ-Kandidate fir déi permanent Erneierung vun der CSV.

Aner Parteie wëlle bei sech an am Land een Neiufank maachen, D’CSJ a mat hir d’CSV stinn zu deem wat eist Land déi leschten Joere fäerdeg bruecht huet an huelen dat als Basis fir déi nächst Joeren ze preparéieren.

Mir sti fir eng Evolutioun amplaz eng Revolutioun.

Méi Detailer iwwer d’Kandidaten: http://new.csj.lu/wahlen-kandidaten/