Trotz Réckschléi nimools opginn!

Mam CSJ-President Serge Wilmes am Gespréich De Kongress vun der chrëschtlech-sozialer Jugend war e vollen Erfolleg. Ëm déi 90 Jonker sinn e leschte Samschden zu Péiteng zesummekomm, fir sech Gedanken iwwert Themen ewéi d’Schoul, d’Pensiounen an d’Asylpolitik ze maachen. De Nationalpresident Serge Wilmes gouf vum Kongress mat grousser Majoritéit erëmgewielt.