Visite an der Chamber

Déi jonk Deputéierte Serge Wilmes an Tessy Scholtes hunn de ronn 40 interesséierte CSJ-Memberen d’Geschicht vun dëser Institutioun, ewéi och alles rondrëm de Funktionnement am Alldag méi no bruecht. De Chamberpresident Laurent Mosar huet et sech awer och net huele gelooss déi Jonk häerzlech bei sech „doheem” ze begréissen.

Forum

D’Exekutiv vun der CSJ huet sech mat Vertrieder vun de Sektiounen a Bezierker getraff. Zesumme gouf iwwer d’Situatioun vun der CSJ, iwwer organisatoresch Froen an iwwer eis thematesch Prioritéite geschwat.

Reform oder keng Reform?

Wéinst der grousser Opreegung iwwert d’Edukatiounsreform huet d’CSJ sech op enger Pressekonferenz, a Persoun vum President Serge Wilmes an der Presidentin vum CSJ- Edukatiounsaarbechtsgrupp Claudine Bemtgem, mat engem Zwëscheruff zu Wuert gemellt. Sou ass fir eis kloer, datt eng Schoulreform néideg ass, wa mir de Jonken hei am Land weiderhin déi beschtméiglechst Zukunftsperspektive bidde wëllen.…

Politesch Rentrée vun der CSJ

Zesumme mam Éierestaatsminister a fréieren EU-Kommissiounspresident Jacques Santer hu mir iwwert d’Kris an Europa diskutéiert : Wat sinn hir Grënn? Wéi geet et weider? „An der Politik, op europäeschem ewéi um nationale Plang, ass et wichteg eng kloer Linn ze hunn”, sou den Haaptmessage vum Jacques Santer un déi Jonk. E Jacques Santer, den awer…

Studentefoire 2011

Och dëst Joer waren d’CSJ – Schüler a Studenten nees mat engem Stand op der Foire vertrueden. An och dëst Joer war d’Foire nees e groussen Erfolleg. Sou sinn eng Réi Jonker der CSJ bäigetrueden an tëschent de ville Memberen, déi während den zwee Deeg gehollef hunn, war eng super Stëmmung.

Äddi Luss

An dëse Stonne voller Leed an Trauer ëm hire léiwe Verstuerwenen, onse Frënd, Deputéierten an CSV-Fraktiounspresident, de Lucien Thiel kënne sech seng Fra, seng Kanner an seng ganz Famill dem Matgefill a Bäileed vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend sécher sinn! D’CSJ wäert de Luss als ee groussen Deputéierten, häerzensgudde Mensch a virun allem wertvollen Ënnerstëtzer…