An elo?

Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident, op RTL Radio, den 20. September 2010. Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer, Den Ufank vum Hierscht ass traditionell, niewend dem Ufank vun der Schoul, och dee vum politesche Joer hei am Land. Esou eng Rentrée ass allgemeng mat vill Nervositéit an enger gewësser Onsécherheet verbonnen, well kee weess,…