Skip to content

Appel de Nancy – Ee Wuert vum CSJ-Nationalpresident Serge Wilmes

Léif Jonker,

Léif CSJ’ler,

Den lëschten Samsten, 12. Juli 2008, huet d’CSJ zesummen mat hieren Frënn aus der Groussregioun, de Jeunes Populaires de la Lorraine an der Junge Union Saar, zu Nanzeg eng Deklaratioun ënnerschriwwen an der si gemeinsam een Appel (Appel de Nancy) un déi europäesch Politiker gemaach hunn, fir den europäeschen Integratiounsprozess wéider ze féieren. Ausserdeem hun déi dräi Jugendparteien décidéiert fir sech an enger eischter Phase, déi sech bis zu den europäschen Walen am Juni 2009 zitt, regelméisseg ze treffen an konkret Aktiounen a Proposen fir un eng besser Zesummenaarbecht um Niveau vun der Groussregioun an engem besseren Vermëttelen vun der europäescher Iddi, ze schaffen.

Als eng vun Ufank un resolut pro-europäesch Jugendpartei, ënnerstëtzt d’CSJ all vernünftegen a realisteschen Projet deen d’Europäesch Unioun no vir brëngen kann. Fir daat dir Iech elo eng Iddi vun eiser gemeinsamer Aktioun am Sënn vun Europa maachen kënnt an Iech, wann dir et wëllt, eis uschléissen kënnt, hun mir eis Deklaratioun an d’Virwuert dovunner op eisen Site gesaat.

Mir wäerten Iech selbstverständlech iwwer déi zukünfteg Aktivitéiten informéieren.

Mat beschten Gréiss,

Serge Wilmes

CSJ-Nationalpresident