Skip to content

Kongressresolutioun \”Focus Jonk\”

D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn.

Haut presentéiert ierch d’CSJ de Punkt 2.2. vum 2. Deel vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”:

Kongressresolutioun “Focus Jonk”

2. Bildung – Edukatioun

2.2. Eng Zukunftschance fir all Kand!

Fir d’CSJ muss d’lëtzebuerger Schoul och an d’Zukunft d’Zesummesëtzung vun der lëtzebuerger Gesellschaft reflektéieren an all Kand, onofhängeg vu senger Hierkonft, ophuelen an him d’Chance ginn, fir gefördert ze ginn a seng Perséinlechkeet ënnert optimale Konditiounen ze entwëckelen.

An der Schoul sollen all d’Kanner zesummekomme fir ze léieren a mateneen ze liewen. An obwuel all Kand déi selwecht Chance soll kréien, ass net ee Kand ewéi dat anert. Dofir plädéiert d’CSJ fir,

· eng differenzéiert Pädagogik, déi et erlaabt esouwuel de Schüler mat Léierproblemer ze hëllefen an ze förderen, ewéi och déi staark, talentéiert Schüler méi séier no vir kommenzeloossen.

D’Schoul dierf keng duerchschnëttlech Bildung als Ziel hunn, mee versichen all Schüler op hirt maximalt Leeschtungs- a Bildungpotential ze bréngen. Den aktuelle Schoulssystem gëtt dëser Missioun awer net gerecht. Fir datt jidder Schüler optimal gefördert an ausgebilt ka ginn, mussen d’Fuerderunge vun der Schoul deem eenzelne Schüler a senge Kapazitéiten ugepasst sinn. D’CSJ fuerdert dowéinst,

· datt virun allem an de Lycëen ee modularen Unterrichssystem agefouert gëtt. Dëse géif et erlaaben, d’Schüler a deenen eenzele Fächer, hiren spezifesche Schwächten a Stärkten no zesummenzebréngen an hirem Niveau a Rythmus no ze förderen.

Donieft mussen déi aktuell Schoulprogrammer de Realitéiten ugepasst ginn, an d’Schoulen eng méi grouss Autonomie am Plangen a Gestalte vun de Léier- a Stonnepläng kréien. Mee och d’Schüler sollen d’Méiglechkeet kréien, méi Fräiheeten am Choix vun hire Coursën ze hunn. Niewend den obligatoresche Basisfächer, sollen d’Schüler sech aus enger Palett vun Zousatzsfächer hiren individuelle Stonneplang zesummestëlle kënnen. Esou kréien d’Schüler weiderhin e breed, allgemengt Wëssen an deenen fir hir Ëntwëcklung, decisive Fächer a gläichzäiteg méi spezifesch Kompetenzen a Fächer, fir déi si sech besonnesch staark interesséieren.