Skip to content

Visite vun engem Musterpassivhaus zu Eschduerf

Den Nationalcomité vun der CSJ invitéiert härzlech Samschdes, den 17. März 2007, op eng Visite vun engem Musterpassivhaus zu Eschduerf.

D’Gemeng Heischent, dei ënnert dem Impuls vun hirem Buergermeeschter an aktuellen CSV-Generalsekretär Marco Schank, beim Klimabündnis matmecht, huet virun enger Zäit décideiert, eng Cité mat Nidregenergiehäiser zu Eschduerf ze bauen. Domat wellt d’Gemeng Heischent hir Contributioun zum Emwëltschutz leeschten, an deem ze d’Konstruktioun vun Häiser fördert, dei Energie spueren an effizient verbrauchen. Dës interessant an zukunftsweisend Initativ well d’CSJ aktiv ënnerstëtzen. Dofir soll all Interesséierten um Terrain gewise kréie wei de Prinzip vun engem Passivhaus fonktionnéiert an wéi eng Méiglechkeeten an Virdeeler respektiv Nodeeler esou eng Bauwäis bidd.

Wanns du interesséiert bass bei der Visite dobäi ze sinn, da mëll dech esou séier wéi méiglech beim CSJ-Generalsekretär Serge Wilmes un (661 46 41 66 / serge.wilmes@gmail.com).

De Rendez-Vous fir d’Visite ass de 17. März 2007 um 8h30 um Busparking um Glacis

(vis-à-vis vun der Glaciskapell)

Vun do geet et da mat engem Bus op Eschduerf wou d’Visite vum Passivhaus wärt vun 10h00 bis 12h00 sinn. Et si 50 Plazen am Bus, deen éischten ass vir, wann de Bus voll ass, besteet d’Méiglechkeet nach mam Privatauto op Eschduerf ze fueren (hannen op der Invitatioun ass ee Plang). No der Visite geet et nees mam Bus zréck an d’Stad. De Bus wärt um Punkt 9h00 um Glacis fortfueren. Sief dofir w.e.g. pënktlech.

Mat beschten Gréiss,

den CSJ-Nationalcomité